De 36 Joer ale Florian Hempel, dee fréier Handball-Golkipp an der zweeter däitscher Bundesliga war an aktuell och als Darts-Commentateur bei der däitscher Tëlee aktiv ass, war 4 Mol bei der PDC-Darts-Weltmeeschschaft zu London mat dobäi a konnt do ënner anerem den Dimitri Van den Bergh no engem impressionante Comeback 2024 an der zweeter Ronn eliminéieren. Iwwer e Kontakt vum Kielener Fussball ass den Däitsche fir e Workshop op Lëtzebuerg komm. Et ass allerdéngs net déi éischte Kéier, datt hien de Wee an de Grand-Duché fonnt huet.
Florian Hempel: "In Luxemburg habe ich tatsächlich mein erstes großes WDF-Turnier vor 8-9 Jahren gespillt. Das Turnier konnte ich leider nicht gewinnen. Da hab ich ziemlich auf die Nuss bekommen von Darryl Fitton damals. Luxemburg ist eine tolle Stadt, ein tolles Land und vor allem gibt es hier tolle Leute."
Beim Workshop, deen iwwer 4 Stonne goung, stoung souwuel e bësse méi theoreteschen Deel mat Explikatiounen an Tipps ronderëm den Trainingsopbau an och den Ëmgang mat Drock um Programm. Donieft awer och ganz vill Praxis, fir den Darts-Begeeschterten déi richteg Tuyauen ze ginn.
Florian Hempel: "Ich durfte in meiner Karriere einiges erleben. Das Ganze möchte ich gerne weitergeben, weil wenn ich damals in der Anfangszeit jemanden gehabt hätte, der mich an die Hand genommen hätte, dann hätte ich, glaube ich, schon einige Zeit gespart. Vor allem, was so die Theorie angeht. Ich finde es immer gut seinen Horizont zu erweitern, um einfach mal zu schauen, wie macht das eigentlech ein Profi, wie trainiert der, was macht der, was hat der für Perspektiven, was hat der für ne Sichtweise. Und das versuche ich den Teilnehmern mitzugeben und hoffe natürlich, dass sie so vill wie möglich mitnehmen und sich dadurch entwickeln können."
Ënner deene 14 Participante war och de Lëtzebuerger Champion Jim Mayer, dee souwuel op nationale wéi och internationalen Turnéieren ënnerwee ass. Am Sall vu sengem Veräin Brooklyn Zoo huet och hie probéiert verschidden Tuyauen vum Florian Hempel opzegräifen.
Jim Mayer: "Ech mengen, datt ech ganz vill Saache ka mathuelen, wat de mentalen Aspekt ugeet. Dat ass mengen ech och e bëssen d'Zil, firwat datt ech hei sinn, well hien dach op engem aneren Niveau nach gespillt huet, wéi mir dat elo maachen. Hie kann do sécher deen een oder aneren Tipp ginn, deen ech ka mathuelen, wou ech herno wäert a mäi Spill kënnen abauen."
Wéinst gesondheetleche Problemer um Réck an fir méi Zäit mat der Famill ze bréngen, huet de Florian Hempel an der Lescht manner op internationalen Tournoien gespillt an doduerch och seng PDC-Tour-Card, also d’Méiglechkeet fir automatesch fir méi grouss Turnéiere qualifizéiert ze sinn, verluer. Hie wëll awer net auszeschléissen, datt hien nach eng Kéier ugräifen wëll. Dat wëll och den Jim Mayer, dee seng gutt Performance vun dësem Joer confirméiere wëll.
Jim Mayer: "Lo ass dann de PDC-Starttournoi zu Troisdorf, wou ech dann mat zwee anere Lëtzebuerger och qualifizéiert sinn. Do hu mer lo zéng Wochen hei zu Lëtzebuerg gespillt. Do si mer elo qualifizéiert, do gi mer dann spillen an de Gewënner, dee spillt dann an de Playoffs fir d'Super League an Däitschland. An do hannendrun ass d'Resultat dann, datt déi véier Éischt kënnen aus de Playoffs dann op der WM spillen."
Zu Troisdorf um Tournoi mat dobäi war och de Florian Hempel. Den Däitsche gouf an der Véierelsfinall eliminéiert. Besser gelaf ass et dogéint beim Jim Mayer, deen et bis an d’Halleffinall gepackt hat.