37 Joer jonk ass de Kévin Estre, deen zu Lyon gebuer gouf. Mat véier Joer krut hie vu sengem Papp, dee selwer Course gefuer ass, säin éischte Kaart geschenkt. Aacht Joer drop gouf hie Champion bei de Cadeten. 2006, mat 17 Joer, ass hie seng éischt Autoscourse gefuer. Fënnef Joer méi spéit huet hien de franséische Porsche Carrera Cup gewonnen, 2013 dee vun Däitschland an ass elo zanter 11 Saisone Wierkspilot bei där Mark. Weider stinn a sengem Palmarès de General bei de 24 Stonne vu Le Mans an der GT-Kategorie a Weltmeeschter am Hypercar.