Den Iwwerbléck vum internationale FuttballBochum schockt Mainz, 8 Goler a Partie Sassuolo Calcio géint Lazio Roum

Kevin Kayser
En Dënschdeg gouf ënner anerem an Däitschland am DFB Pokal gespillt, an England am EFL Cup an an der italieenescher Serie A.
De Philipp Hofmann vum VFL Bochum feiert säi Gol zum 2:0 géint Mainz am DFB Pokal.
De Philipp Hofmann vum VFL Bochum feiert säi Gol zum 2:0 géint Mainz am DFB Pokal.
© DAVID INDERLIED/dpa Picture-Alliance via AFP

DFB Pokal

Hamburger SV - Eintracht Frankfurt 1:3
0:1 Koch (56'), 0:2 Burkhardt (71'), 0:3 Ebnoutalib (75'), 1:3 Moffi (79')

Virun heemescher Kuliss huet den HSV déi éischt Hallschent mat der Eintracht aus Frankfurt gutt matgehalen, a puncto Ballbesëtz oder Chancen huet sech d'Partie d'Wo gehalen, ma keng Ekipp konnt vun hire Méiglechkeete profitéieren. Frankfurt huet et no der Paus du besser gemaach. Zwar hate si net däitlech méi Chancen, wéi den HSV, hunn awer aus hire méi gemaach. De Gol vum HSV kuerz viru Schluss war da méi Kosmetik, wéi datt en nach wierklech vill bruecht huet.

RW Essen - RB Leipzig 1:2
1:0 Brumme (9'), 1:1 Baumgartner (78'), 1:2 Baumgartner (82')

Leipzig ass nëmme knapp laanscht eng Blamage zu Essen komm. D'Heemekipp war schonn no 9 Minutten duerch de Brumme a Féierung gaangen. Leipzig huet dono probéiert, zeréck an de Match ze kommen. De Seiwald vläicht e bëssen ze vill iwwer d'Aggressivitéit, well hien huet innerhalb vun 10 Minutten, 34. a 44. Minutt, eng giel Kaart gesinn a konnt esou nach virun der Paus dusche goen. Leipzig huet sech awer och net zu 10 ënnerkréie gelooss an et war dunn zwee Mol de Baumgartner, dat an net emol 5 Minutten, deen de Bundesligist kuerz viru Schluss nach op d'Gewënnerstrooss bruecht huet.

SG Sonnenhof Großaspach - FC Augsburg 2:4
0:1 Ribeiro (13'), 0:2 Ribeiro (21'), 1:2 Molinari (22'), 2:2 Celiktas (46'), 2:3 Ibrahimovic (69'), 2:4 Kade (74')

Großaspach huet an der Partie géint Augsburg Moral bewisen. Den Drëttligist konnt aus engem 0:2 Réckstand en 2:2 maachen, an dat direkt nom Säitewiessel. De Bundesligist huet zum Schluss awer d'Differenz vun den zwou Divisioune kloer gewisen an de Match nach mat 4:2 heem geschaukelt.

VFL Bochum - FSV Mainz 05 2:0
1:0 Rasmussen (46'), 2:0 Hofmann (75')

Déi éischt grouss Iwwerraschung vum Spilldag koum vu Bochum. Den aktuell 14. aus der 2. Bundesliga konnt sech géint den aktuell 7. aus der Bundesliga duerchsetzen. An enger zimmlech ausgeglachener Partie huet Bochum grad an der zweeter Hallschent méi aus hire Chance konnte maachen a konnt dëse Match dowéinst kloer mat 2:0 fir sech entscheeden.

FC Köln - FC Union Berlin 5:0
1:0 El Mala (32'), 2:0 Maina (51'), 3:0 El Mala (60'), 4:0 Johannesson (78'), 5:0 Sebulonsen (88')

Köln huet an dësem Bundesligaduell net vill ubrenne gelooss. No ronn enger hallwer Stonn konnt sech d'Heemekipp iwwer d'Féierung freeën. Köln war déi éischt Hallschent duerchaus spillbestëmmend a Berlin konnt bal frou sinn, datt si just mat engem Gol am Desavantage an d'Paus goen. Nom Téi awer huet den FC opgedréint an konnt säi Virsprong an den éischte 15 Minutten op 3:0 ausbauen. Kuerz viru Schluss huet de Johannesson dunn och nach op 4:0 gesat an den Sebulonsen esouguer nach op 5:0. Kee gudden Dag fir Union Berlin op Besuch zu Köln.

Borussia Dortmund - Werder Bremen 3:2
1:0 Guirassy (6'), 2:0 Chukwuemeka (17'), 2:1 Füllkrug (65', p), 2:2 Füllkrug (68'), 3:2 Sabitzer (90'+3)

Dortmund muss sech an den dräi Minutten tëscht der 65. an der 68. Minutt virkomm sinn, wéi wa si en Déja-Vu hätten. Genau wéi nämlech am Championnat, wéi dës zwou Ekippen openee getraff sinn, waren déi Giel-Schwaarz 2:0 am Avantage a kruten séier hannerteneen zwee Géigegoler geschoss. Zwee kloer Ënnerscheeder ginn et dann awer op dësem Dënschdeg: D'Goler vu béiden Ekippe sinn net all integral an der Schlussphas gefall an Dortmund war an der Coupe net esou dominant, wéi dat iwwer laang Strecken am Championnat de Fall war. Datt d'Goler net kuerz viru Schluss gefall sinn, huet Dortmund dunn an der Nospillzäit ausgenotzt an hei selwer op 3:2 gesat. Domadder hu si sech e bëssen an d'Aachtelsfinall geziddert.

Borussia Mönchengladbach - Karlsruher SC 2:0
1:0 Hack (7'), 2:0 Ullrich (49')

No den éischten 3 Punkten an der Bundesliga wollt Gladbach et an der Coupe genau esou gutt maachen a sech fir d'Aachtelsfinalle qualifizéieren. Dofir huet een doheem awer emol géint de KSC aus der zweeter Liga musse gewannen. De Leschten aus der Bundesliga huet da schonn no 7 Minutte konnte feieren, wéi den Hack op 1:0 gesat huet. D'Missioun awer, fir géint den Zweetleschten aus der 2. Bundesliga weider ze kommen, gouf no 39 Minutte méi schwéier, well hei de Sander no engem Foul vum Terrain geflunn ass. Trotz Ënnerzuel huet Gladbach et probéiert an huet an der 49. Minutt a Persoun vum Ullrich den 2:0 markéiert. Trotz der Ënnerzuel ass de Fohlen eppes gelongen, wat si bis ewell an der Bundesliga nach net hikruten. Si krute kee Géigegol geschoss a kënne sech dowéinst iwwer eng verdéngte Victoire freeën.

SV Elversberg - SV Darmstadt 0:2
0:1 Kehl (6'), 0:2 Smit (56')

Elversberg steet u sech an der Bundesliga fir en Opsteiger guer net esou schlecht do. Do sollt de leschten aus der zweeter Bundesliga dach kee Problem duerstellen. Ma wéi mer all Wëssen, schreift d'Coupe am Futtball seng eege Gesetzer. Well trotz enger absolutter Dominanz, 74 Prozent Ballbesëtz, 26 zu 7 Schëss, dovun 6 zu 2 op de Gol, konnt Elversberg net markéieren. Darmstadt huet dat bescht aus deene puer Chancen, déi si haten, gemaach, an huet direkt zwee Mol d'Netz fonnt an esou si si eng Ronn am DFB Pokal weider.

Serie A

Sassuolo Calcio - Lazio Roum 2:6
0:1 Taylor (2'), 1:1 Thorstvedt (7'), 1:2 Isaksen (13'), 1:3 Taylor (16'), 2:3 Esposito (43'), 2:4 Zaccagni (45'+1), 2:5 Noslin (55'), 2:6 Noslin (65')

Et war eng Partie, déi direkt mat 100 Kilometer an der Stonn ugefaangen huet. No 7 Minutte stoung et schonn 1:1 an no eppes méi wéi 15 Minutte war Lazio 3:1 vir. No 31 Minutten du gouf den Thorstvedt vu Sassuolo wéinst engem schlëmme Foul vum Terrain geschéckt. Trotzdeem huet seng Ekipp an der 43. nach den 2:3 geschoss, éier Lazio nach virun der Paus nees op 4:2 gesat huet. Nom Säitewiessel hunn d'Gäscht vun der Iwwerzuel profitéiert an nach op 6:2 gesat. Wann een awer bedenkt, datt si nach zwee Eelefmeteren net verwandelt hunn, hätt dëst Resultat fir Sassuolo nach däitlech méi schlëmm kéinten ausgoen.

AS Roum - Cagliari Calcio 4:2
0:1 Nzola (10',p), 1:1 Lulli (15'), 2:1 Pisilli (21'), 2:2 Maldini (81'), 3:2 Mora (85'), 4:2 Malen (87')

Dräi Goler a knapp sechs Minutten. D'Partie tëscht der AS Roum a Cagliari war laang Zäit en Hin an Hier, éier de Maldini mat sengem Ausgläichstreffer fir d'Gäscht an der 81. Minutt eng geckeg Schlussphas lancéiert huet. Well laang huet d'Freet vu Cagliari net gehalen, well knapp 4 Minutte méi spéit ware si nees mat engem Gol am Desavantage an nach zwou Minutten dono esouguer zwee Goler hannen. A verschiddene Partien huet de VAR scho méi laang gebraucht, fir e Gol ze confirméieren, wéi der hei einfach emol dräi gefall sinn.

FC Turin - Como 1907 1:3
1:0 Adams (24'), 1:1 Ramon (82'), 1:2 Paz (87'), 3:1 Baturina (90'+2)

Den FC Turin konnt no 24 Minutten a Féierung goen an huet dës och bal iwwer d'Zäit bruecht. An de leschten 10 Minutte vun der Partie awer huet Como d'Konschtstéck fäerdeg bruecht, aus engem 0:1 en 3:1 ze maachen. Esou konnte si dann och d'Punkte vun Turin aus mat huelen.

LINK: D'Resultater, d'Tabell an d'Statistike vun der Serie A

EFL Cup

Bradford City - Petersborough United 2:0
1:0 Gillesphey (13'), 2:0 Phillips (67')

Et war en Duell vun zwou Ekippen aus der League One, also der drëtter englescher Profiliga. Bradford City steet hei aktuell op der 4. Plaz an ass an der Lutte ëm d'Playoffen mat dobäi, wärend Petersborough op enger Ofstigsplaz steet. Am Match huet een deen Ënnerscheet am grousse Ganzen awer net direkt konnten erkennen, Bradford war halt, wat hir Chancë betreffen, däitlech méi effektiv an hu sech dowéinst fir déi nächste Ronn vum EFL Cup qualifizéiert.

Fleetwood Town - FC Arsenal 1:1 (5:3 am Eelefmeterschéissen)
1:0 Loupalo-Bi (21'). 1:1 Gyökeres (50')

Fleetwood Town aus der League Two krut et doheem mam groussen FC Arsenal ze dinn. Den Underdog huet duerch e fréie Gol d'Gunners gezwongen, ze reagéieren. Kuckt een d'Statistiken, huet d'Ekipp aus der englescher Haaptstad dëst och gemaach, dobäi ass awer just ee Gol an der 50. Minutt erausgesprongen. Well no 96 Minutten nach kee Gewënner feststoung, gouf de Match direkt am Eelefmeterschéissen decidéiert. Hei hu hu vu béiden Ekippen déi éischt dräi Spiller och markéiert, bis et vum Bruno vun Arsenal war, deem säi Ball net fest genuch war, esou datt de Lynch am Gol vu Fleetwood de Ball paréiere konnt. No dësem Schoss stoung et 4:3 fir Fleetwood Town, déi mam nächste Gol alles kloer konnte maachen. Den Haughey huet d'Nerve behalen an och de fënnefte Penalty erageschoss an domadder fir eng gréisser Iwwerraschung am EFL Cup gesuergt.

Back to Top
CIM LOGO