
Par rapport zu den Häre gouf d'Dammen Development Team vu Lidl-Trek réischt frësch gegrënnt. E Mëttwoch goufen d'Ekipp an d'Coureusen annoncéiert. Dorënner war och d'Liv Wenzel, donieft 9 weider Talenter aus 8 verschiddenen Natiounen.
Vun 2023 bis 2025 ass d'Liv Wenzel fir d'Ekipp Hess Cycling gefuer, dës Saison fir Tirol Women Cycling. Réischt Ufank Oktober war si bei der Lëtzebuerger Bronzmedail am Mixed Relay op der Europameeschterschaft zu Ljubljana a Slowenien mat dobäi.
Bei der Grënnung vum Dammen Development Team vu Lidl-Trek mat involvéiert war och de fréiere Lëtzebuerger Profi Fränk Schleck. Zanter ronn engem Joer ass hien den Directeur sportif vun der Dammenekipp vu Lidl-Trek.