
Dynamo Dresden - FC Schalke 04 2:0
1:0 Covic (53'), 2:0 Daferner (88')
Den insgesamt drëtten Zweetligist, dee sech fir d'Aachtelsfinall vum DFB-Pokal qualifizéiere konnt, heescht Dynamo Dresden. D'Elbflorenzer aus der zweeter Liga konnten de Bundesliga-Opsteiger vu Gelsenkirchen no enger couragéierter Leeschtung mat 2:0 klappen. D'Schalker mam Edin Dzeko waren ze ongeféierlech a si réischt an der zweeter Hallschent méi aktiv ginn, hunn den Ostdäitschen dobäi awer och vill Méiglechkeete fir Konteraktioune gebueden. Esou gouf et eng Reprise vun August 2014, wou "Königsblau" och scho géint Dynamo an der Coupe gescheitert war.
Holstein Kiel - TSG Hoffenheim 1:1 (4:3 n.E.)
0:1 Hlozek (11'), 1:1 Kapralik (23')
E weidere Bundesligist, dee sech géint eng Ekipp aus der zweeter Liga huet misse geschloe ginn, war e Mëttwoch den Owend d'TSG Hoffenheim. Déi fréi Féierung huet géint déi Norddäitsch vu Kiel net laang gehalen an och no Verlängerung blouf et eng ausgeglache Partie, déi am Eelefmeterschéissen huet missen decidéiert ginn. Matchwënner gouf hei den 20 Joer ale Lio Rothenhagen, deen am Gol vun de Kieler géint de Mats Rots paréiere konnt a senger Ekipp domat d'Aachtelsfinall geséchert huet.
Bayer 04 Leverkusen - 1. FC Nürnberg 5:2
0:1 Lubach (14'), 0:2 Haugen (30'), 1:2 Tapsoba (41'), 2:2 Tapsoba (49'), 3:2 Schick (70'), 4:2 Hofmann (78'), 5:2 Vazquez (89')
An der Leverkusener BayArena hat et no den éischte 45 Minutten no enger weiderer Iwwerraschung am DFB-Pokal ausgesinn. Den 1. FC Nürnberg war no Goler vum Rafael Lubach a Sigurd Haugen no 30 Minutte mat 2:0 vir, ier dem Edmond Tapsoba kuerz virun der Paus den Uschlosstreffer gelonge war. De Burkiner war et dann och, dee kuerz nom Start vun der zweeter Hallschent fir d'Werkself egaliséiere konnt. No engem Foul vum Alexios Kalogeropoulos um Patrik Schick gouf et dunn en Eelefmeter fir Leverkusen, deen de Gefoulte selwer verwandele konnt. Bei de "Glubberer" war spéitstens lo d'Loft raus, sou datt nach zwee weider Goler gefall sinn an ee sech mat 5:2 huet musse geschloe ginn.
FC Bayern München - 1. FC Magdeburg 6:1
1:0 Olise (10'), 1:1 Zukowski (15'), 2:1 Saibari (21'), 3:1 Olise (51'), 4:1 Davies (70'), 5:1 Brown (73'), 6:1 Santos (90'+3)
Géint den däitsche Rekordmeeschter gouf et fir den FC Magdeburg wéineg ze huelen: Den Underdog aus der zweeter Liga konnt an der 15' Minutt zwar fir e kuerzen Dämpfer suergen an e Gol vum Olise egaliséieren, mee vun der zweeter Hallschent un ass näischt méi gaangen. D'Münchener konnte sech souverän mat 6:1 duerchsetzen a réckelen domat an déi nächst Ronn.
SSV Jeddeloh II - Hertha BSC 0:2
SC Paderborn 07 - VfB Stuttgart 0:1
SC Freiburg - VfL Wolfsburg 3:2
Hannover 96 - 1. FC Kaiserslautern 0:2
Liverpool - Chelsea 1:1 (6:5 n.E.)
0:1 Rogers (40'), 1:1 Gakpo (43')
An enger ausgeglachener Partie si sech e Mëttwoch den Owend am engleschen EFL Cup Liverpool an den FC Chelsea begéint. Eenzeg Highlights aus der éischter Hallschent ware kuerz virun der Paus zwee Eelefmetere bannent dräi Minutten, jeeweils ee fir béid Ekippen. De Morgan Rogers konnt op Säite vun de Blues verwandelen, fir d'Reds war et den Hollänner Cody Gakpo. Méi Chancen hate sech am zweeten Duerchgang gebueden, ma och no Verlängerung gouf et keng Decisioun. D'Spectateuren un der Anfield Road kruten en dramatescht Eelefmeterschéisse gebueden, bei deem op Säite vun Chelsea de Valentin Barco, Emanuel Emegha a Wesley Fofana gescheitert sinn. Fir den FC Liverpool geet et domat weider an d'Véierelsfinall.
Manchester City - Brighton & Hove Albion 4:3 (n.E.)
AFC Sunderland - FC Brentford 3:2
AFC Bournemouth - Aston Villa 3:0
FC Fulham - Crystal Palace 0:1
An Italien gouf e Mëttwoch den Owend keng Coupe gespillt, hei stounge fënnef Partien aus dem Serie-A-Championnat um Programm. E batteren Owend gouf et dobäi fir Juventus, dat ëmmer méi den Uschloss un d'Tabellespëtzt verléiert. Géint Genua gouf et eng 0:2-Defaite, woumat een elo mat 14 Punkten op der 8. Plaz vum Klassement steet.
Eng éischt Néierlag an dëser Saison gouf et fir den AC Mailand, dee sech an engem golräiche Match mat 2:4 dem FC Bologna huet musse geschloe ginn. Besonnesch brilléiert huet hei de Samuel Mbangula, deen dräimol géint d'Rossoneri treffe konnt.
Den italieenesche Champion, aktuellen Tabelleleader an Titelfavorit Inter konnt mat enger 2:0 Victore géint den FC Venedeg am Klassement u Lazio Roum laanschtzéien. D'Buteure ware kuerz viru Schluss d'Venezianer selwer: Bannent dräi Minutten hunn de Matias Moreno a Redouane Halhal jeeweils déi eege Këscht getraff. D'Ekipp vum Lëtzebuerger Nationalspiller Seid Korac, dee jo aktuell un Hellas Verona ausgeléint ass, bleift domat leschten am italieenesche Klassement, mat bis ewell nëmmen dräi Punkten um Kont.
AC Mailand - FC Bologna 2:4
Parma Calcio - Udinese Calcio 0:0
FC Venedeg - Inter Mailand 0:2
CFC Genua 1893 - Juventus Turin 2:0
AC Monza - SSC Neapel 1:4
LINK: D'Resultater, d'Tabell an d'Statistike vun der Serie A