Liichtathletik-Indoor-EMVum Bob Bertemes kann ee sech e gutt Resultat erhoffen

RTL Lëtzebuerg
E Freideg fänkt zu Glasgow a Schottland d'Liichtathletik-Indoor-Europameeschterschaft un. D'Lëtzebuerger Delegatioun besteet aus 5 Athleten.
© pressphoto Archiv

D’Patrizia van der Weken, d’Charline Mathias, d’Vera Hoffmann, de Charel Grethen an de Bob Bertemes ginn zu Glasgow un den Depart a vum Leschtgenannte kann ee sech e gutt Resultat erwaarden.

Liichtathletik-EM zu Glasgow/Reportage Rich Simon

Nieft dem Bob Bertemes sinn nach 18 aner Kugelstousser fir d’Kompetitioun ageschriwwen. Ënnert hinnen huet den Athlet vum CA Bieles an dëser Indoor-Saison déi 3. beschte Wäit realiséiert. An dat mat 21 Meter an 3 Zentimeter. Just den Däitschen David Storl an den Tschech Tomas Stabek hunn d’Bomm an dëser Saison méi wäit gestouss. De Bob Bertemes kann am Virfeld vun der Europameeschterschaft dann och zefridde mat de leschte Wochen a Méint sinn. D’Saison wier gelaf, wéi ee se geplangt hätt an deemno géing d’Form stëmmen an zu Glasgow géing ee säi bescht maachen.

Bei der leschter Outdoor-Europameeschterschaft zu Berlin koum de Bob Bertemes op déi 6. Plaz. Bei senger 3. Indoor-EM ass him dat Resultat och nees zouzetrauen. Eventuell ass esouguer eng Medail fir de Lëtzebuerger dran. Dat éischten Zil ass awer virun allem, no der Qualifikatioun eng Plaz an der Finall ze hunn. Dofir muss d’Technik stëmmen an d’Nerve mussen och matspillen. Hei mécht de Bob Bertemes sech net all ze vill Gedanken.

Back to Top
CIM LOGO