D’Spectateure kruten e richtege Spektakel gebueden. Mam Tornado haten déi Beeforter eng erfueren Ekipp op Besuch, mee et kennt ee sech scho méi laang, well vill Spiller vu béide Formatiounen zesummen an der Lëtzebuerger Nationalekipp spillen.
Nom éischten Drëttel stoung et 1:1 gläich an an deenen zweeten 20 Minutte gouf et e richtege Golfestival. Direkt an deenen éischte Minutte goung den Tornado duerch den Henri Örni a Féierung, ier de Benny Welter no 7 gespillte Minutten nees ausgläiche konnt. Virum Schluss vum zweeten Drëttel goungen d’Knights duerch de Mirko Mosr souguer a Féierung. D’Freet war awer net vu laanger Dauer, well den Tornado nëmmen eng Minutt méi spéit den 3:3 geschoss huet.
Et war richteg spannend an et war net viraus ze gesinn, ween als Gewënner vum Äis géing goen. Am Ufank vum leschten Drëttel huet d’Defense vun den Knights gutt dogéint gehalen, mee de längeren Otem hat awer den Tornado Lëtzebuerg. Den Henri Örni huet seng Ekipp mat weideren 2 Goler mat 4:3 respektiv 5:3 a Féierung bruecht, an déi hu sech de Botter dunn net méi vun der Schmier huele gelooss.
Den Trainer vun de Beaufort Knights war nom Match e bëssen Enttäuscht, mee hie konnt eng Verbesserung vum Lëtzebuerger Äishockey feststellen: Et ass gutt fir de Lëtzebuerger Äishockey, wann een d’Resultater kuckt. Bësse stresseg fir béid Veräiner, mee mir kënnen houfreg drop sinn, dass sech den Tornado a mir permanent verbesseren.
D’Beaufort Knights hunn zwar de Spëtzematch géint den Tornado verluer, mee et war alt nees eng gutt Publicitéit fir den Äishockeysport.