Schi-WMTherese Johaug dominéiert de Skiathlon

RTL Lëtzebuerg
Bei der WM zu Seefeld an Éisträich huet bei den Hären den Norweger Sjur Röthe d'Goldmedail am Skiathlon geséchert.
© AFP

Bei der Schi-WM zu Seefeld an Éisträich ass d’Therese Johaug hirer Favoritteroll e Samschdeg de Moien am Skiathlon gerecht ginn. D’Norwegerin hat no de 15 Kilometer (7,5 Kilometer am klassesche Stil a 7,5 Kilometer am Skating) e Virsprong vu 57 Sekonnen op hir Compatriotin Ingvild Flugstad Östberg. D’Course ëm Sëlwer war laang spannend, eréischt kuerz virun der Arrivée konnt sech d’Östberg vun der Russin Natalia Neprjajewa ofsetzen, déi mat engem Réckstand vun 58 Sekonnen op d’Johaug Drëtt gëtt.

Fir d’Therese Johaug ass et no 2015 deen zweete Weltmeeschtertitel am Skiathlon.

Bei den Hären huet sech no 30 Kilometer (15 Kilometer am klassesche Stil a 15 Kilometer am Skating) den Norweger Sjur Röthe op de leschte Meteren am Sprint d’Goldmedail geséchert. Den Alexander Bolshunov huet mat engem Réckstand vu 10 Honnertstel d’Sëlwer gewonnen an da stoung den Norweger Martin Johnsrud mat engem Retard vu 70 Honnertstel och nach um Podium.

© AFP

Back to Top
CIM LOGO