Reiden CDI4* LierSuccès fir den Nicolas Wagner

RTL Lëtzebuerg
No sengem Erfolleg am Grand Prix e Freide konnt hie mat sengem Päerd Quater Back Junior och e Sonnden de Grand Prix Special fir sech entscheeden.
Den Nicolas Wagner
Den Nicolas Wagner

Mat 75,553% konnt den Nicolas Wagner sech duerchsetzen. Et waren am Ganze 15 Reider um Start.

Zweete gouf d’Fanny Verliefden (BEL) mat 72,638%.

D’Kristine Möller konnt d’Finall vun der Small Tour, enger Intermediate I Kür, mat Standing O’vation TSF gewannen. Déi zwee hu sech mat 76,785% vu 15 Starter behaapt.

D'Kristine Möller
D’Kristine Möller

Back to Top
CIM LOGO