Schi AlpinPinturault wënnt Kombinatioun zu Bansko a Bulgarien

RTL Lëtzebuerg
De Weltmeeschter aus Frankräich huet sech domadder och déi kleng Kristallkugel an der Kombinatioun geséchert.
© AFP

E Freideg huet den Alexis Pinturault sech d’Victoire beim Schi-Alpin-Weltcup zu Bansko a Bulgarien an der Kombinatioun geséchert. De Fransous hat nom Super G an dem Slalom ee Virsprong vun 68 Honnertstel op den Éisträicher Marcel Hirscher an 69 Honnertstel op de Slowen Stefan Hadelin.

Den Alexis Pinturault huet sech duerch dës Victoire déi kleng Kristallkugel an der Kombinatioun geséchert. De Marco Schwarz hat virun der Course och nach Chancen, d’Discipline fir sech ze entscheeden, ma hien huet sech am Super G blesséiert a konnt doduerch am 2. Duerchgang net méi untrieden.

Back to Top
CIM LOGO