
D’Slowakin konnt sech no engem staarken zweete Laf virun dem Viktoria Rebensburg an der grousser Favoritin, dem Mikaela Shiffrin duerchsetzen.
Nom éischte Laf louch d’Rebensburg nach a Féierung an am zweete Laf hat et och ganz gutt ausgesi fir déi däitsch Sportlerin, déi virun allem am ieweschten Deel ganz staark gefuer war. Am ënneschten Deel huet si dunn awer eng Avance vu 40 Honnertstel nach ewechginn a muss sech esou mat der 2. Plaz zefridde ginn.
Um Enn hat si déi 9. Zäit am 2. Laf. D’Petra Vlhova konnt zwee gutt Leef hileeën a konnt sech esou um Enn iwwer Gold freeën. Wuel net honnertprozenteg zefridde wäert d’Mikaela Shiffrin sinn. D’Amerikanerin, déi héich favoriséiert war, louch nom éischte Laf nëmmen op der 4. Plaz. Am zweete Laf konnt si sech zwar nach no vir schaffen, ma et sollt nëmme fir Bronze duergoen.