
De Lëtzebuerg konnt mat dëser Leeschtung säin ale Rekord ëm ganzer 18 Zentimeter vun 20 Meter 67 op 20 Meter 85 verbesseren. Dat Resultat ass duergaangen, fir sech zu Rochlitz beim Indoor-Sparkassen-Meeting op déi zweete Plaz ze stoussen. Déi éischt Plaz war fir den David Storl mat 21 Meter 26.
Dem Bob Bertemes säin nationale Rekord an der Hal läit bei 20,85 Meter.