
D’Mikaela Shiffrin ass wuel ganz kloer méi bekannt fir hir Victoiren am Slalom an am Riseslalom, ma nawell huet een d’US-Amerikanerin missen als grouss Favoritin zielen. Si war nämlech virun der Schi-WM bei 3 Super-G-Courssen un den Depart gaangen an déi konnt si allen 3 gewannen. An och en Dënschdeg war d’Mikaela Shiffrin déi Séierst, och wann et déi Kéier ganz enk sollt ginn. Um Enn séchert si sech de WM-Titel am Super-G nämlech mat nëmmen 2 Honnertstel Avance op d’Sofia Goggia aus Italien a 5 Honnertstel op d’Corinne Suter aus der Schwäiz.
D’Lindsay Vonn, déi un den Depart vun hirer zweetleschter Course an hirer Karriär gaangen ass, ass net ënnen am Zil ukomm. Deemno huet si bei der Descente déi lescht Méiglechkeet op ee schéint Enn vun hirer erfollegräicher Karriär. D’Lindsay Vonn, dat iwwer déi lescht Jore vill Schwieregkeete mat der Gesondheet hat, huet jo d’lescht Woch annoncéiert, dass si no der WM géing ophalen, dat eben aus gesondheetleche Grënn.