Schi-WMMatthieu Osch an der Haaptcourse am Riseslalom um Depart

RTL Lëtzebuerg
De Lëtzebuerger hat d'Qualifikatioun u sech net gepackt, ma krut vun der Jury awer nach eng Startplaz.
© pressphoto (Archiv)

Op der Weltmeeschterschaft am Schi Alpin zu Are a Schweden ass de Matthieu Osch en Donneschdeg an der Qualifikatiounscourse fir de Riseslalom op déi 43. Plaz ënner 120 Leefer komm.

Déi 25 éischt hu sech fir d’Haaptcourse, déi e Freideg gefuer gëtt, qualifizéiert. De Lëtzebuerger kann e Freideg awer trotzdeem starten, well hie vun der Jury dach nach eng Startplaz kritt huet.

PDF: Schreiwes vun der Lëtzebuerger Schifederatioun

Back to Top
CIM LOGO