
Wärend 5 Deeg stinn 8 Sportaarten um Programm. Och eng Lëtzebuerger Delegatioun ass a Bosnien-Herzegowina mat derbäi. Chef de Mission ass de Sven Klein, hie konnt sech op der Plaz selwer schonns ee Bild maache vun der Organisatioun. Hie war am November op der Plaz an de Sven Klein konnt sech dovunner iwwerzeegen, dass een zu Sarajevo prett ass fir dës 14. Editioun.
D’Sarah Schiltz an den Nikolaj Lindfors ginn am Schi Alpin un den Depart, d’Anna Ruysschaert am Short Track an d’Gemma Marshall am Äiskonschtlaf.