Olympesch SpillerKarate villäicht 2024 nees net méi mat dobäi

RTL Lëtzebuerg
De Skateboard, d’Surfen an d’Klamme sollen dogéint 2024 zu Paräis nach bei den Olympesche Spiller mat dobäi sinn.
© RTL Télé Lëtzebuerg

Den Organisatiounscomité vun de Summerspiller zu Paräis huet eng Recommandatioun erausginn, bei där déi 3 nei Sportaarte bei den Olympesche Spiller 2020 zu Tokio de Skateboard, d’Surfen an d’Klammen och 4 Joer drop sollen um Programm stoen.

De Softball an de Karate feelen awer op dëser Lëscht. Eng schlecht Noriicht deemno fir d’Jenny Warling, d’Kimberly Nelting, de Jordan Neves a Co., zemools well d’Chancen op eng Qualifikatioun vun engem FLAM-Karateka fir Tokyo 2020 de Moment relativ schlecht stinn.

Eng definitiv Decisioun, op den IOC d’Recommendatioun vum Paräisser Organisatiounscomité unhëlt, fält am Dezember 2020.

2024 bei de Summerspiller zu Paräis soll de Breakdance als nei Disziplin agefouert ginn.

Back to Top
CIM LOGO