
No den zwee Duerchgäng war den 31 Joer ale Pol Kamil Stoch mat 413,2 Punkten am beschte klasséiert. Hannert him war et de Russ Jewgeni Klimow, deen op 407,9 Punkte koum. Déi drëtt Plaz um Podium goung un dem Stoch säi Landsmann den Dawid Kubacki, deen am Ganze 405,4 Punkten erreeche konnt.
De Ryoyu Kobayashi, de Gewënner vum Dag virdrun, konnt säin zweete Sprong net propper duerchbréngen an ass um Enn op déi néngte Plaz zeréckgefall.