VIDEO A FOTOEN: Badminton-ChampionnatJonglënster dierft den Titel net méi ze huele sinn

RTL Lëtzebuerg
D'Ekipp vu Lënster konnt sech e Samschdeg mat 5:3 géint de schäerfste Konkurrent Déifferdeng duerchsetzen. D'Decisioun ass am allerleschte Match gefall.

Zu Déifferdeng an der Hal vum Fuussbann ass e Samschdeg de Mëtteg wuel eng Virentscheedung am Lëtzebuerger Badminton-Championnat bei den Ekippe gefall. Déi 2 Tabellenéischt Jonglënster an Déifferdeng hu géintenee gespillt a si hunn et ganz spannend gemaach ...

VIDEO: Jonglënster dierft den Titel net méi ze huele sinn
D’Ekipp vu Lënster konnt sech e Samschdeg mat 5:3 géint de schäerfste Konkurrent Déifferdeng duerchsetzen. D’Decisioun ass am allerleschte Match gefall.

Deen éischten Härendubbel war esou serréiert, datt d’Partie an 3 Sätz entscheet gouf an iwwer eng Stonn gedauert huet. Deen zweeten Härendubbel war dogéint méi kloer, zweemol goung de Punkt un Déifferdeng, also 2:0.

Den Dammedubbel war awer fir Lënster, esou datt d’Dammen op 1:2 verkierze konnten.

Bei den Häreneenzel war deen éischte fir Déifferdeng an deen zweete fir Lënster, also 2:3.

Den Dammeneenzel war genee wéi den Dammedubbel nees fir Lënster, esou datt et dunn 3:3 stoung.

Wéi dunn och nach deen drëtten Häreneenzel vu Lënster gewonn gouf, stoung et 4:3 fir d’Ekipp aus dem Osten. D’Decisioun huet also mussen am leschte Match, dem Mixt, falen, well Déifferdeng wier e Gläichspill duergaangen, fir eng ganz seriö Optioun op den Titel ze huelen. Fir Lënster war eng Victoire Flicht.

An déi sollt der Lënster Ekipp dann och geléngen, awer net direkt: Am 1. Set war Lënster nämlech wäit vir, ma Déifferdeng koum zeréck a konnt dee Saz awer nach fir sech entscheeden. Am 2. Set war et genee ëmgedréit, hei louch Déifferdeng vir, ma um Enn hat Lënster de Saz. Méi kloer war et dunn awer am decisiven drëtte Set, dee Lënster dominéiert a logescherweis och gewonnen huet.

FOTOGALERIE: Andréck vun Déifferdeng vum Samschdeg de Moie vum Val Wagner.D’Schlussresultat ass also 5:3 fir Lënster a wa sech d’Ekipp aus dem Osten um leschte Spilldag de 24. Mäerz zu Beetebuerg net iwwerrasche léisst, dann dierft si de Championstitel feieren.

© Yannick Zuidberg

Wéi zanter dëser Saison üüblech goufen e Samschdeg zu Déifferdeng zwee Spilldeeg matenee gespillt, ee moies an ee mëttes.

Offizielle Communiqué vun der Feluba (2.3.19)

Badminton: Jonglënster huet den Championstitel selwer an der Hand

An enger extrem spannender Match huet d’Ekipp vun Jonglënster um virleschten Spilldag an der Spëtzepartie géint Déifferdeng mat 5 – 3 d’Iwwerhand behalen an huet domadder méi wei een groussen Schrëtt zur Verdeedegung vum Titel gemaach.

Absoluten Highlight vun der Partie war ouni Zweiwel den 1ten Härendubbel, deen iwwert 3 Sätz goung an méi wei eng Stonn gedauert huet, mam glécklechen Enn fir Déifferdeng. D’Ekipp aus dem Süden konnt och den 2ten Härendubbel souverän gewannen an war esou mat 2-0 an Féierung dangen.

Jonglënster huet mat hiren Dammen reagéiert, an se konnten esouwuel den Dubbel wei och den Eenzel fir sech entscheeden.

An den 3 Häreneenzel huet Jonglënster der 2 gewonnen, sou dass et virum leschten Match vum Dag, dem Mixte, 4-3 fir d’Ekipp aus dem Osten stoung.

Den Mixte huet fir de BC Déifferdeng och gutt ugefaangenen, andeems se den éischten Satz gewonnen hunn, mee d’Reaktioun vun der Koppel vun Jonglënster ass awer komme, si hunn d’Nerven behalen an hunn doduerch den Succès vun der Ekipp ofgeséchert.

Sollt um leschten Spilldag, den 24/03 zu Beetebuerg keng méi schif goen, kann Déifferdeng hiren éischten Titel an der Veräinsgeschicht leider net afueren.

Nieft dem Spëtzematch hunn och nach déi aner Ekippen aus der Nationaldivisioun an der Hal um Fuusbann en flotten Badminton gebueden. D’Course em d’drëtt Platz am Championnat dierft sech dann um leschten Spilldag zeeneschen Schëffleng an Kayl entscheeden.

Hei déi eenzel Resultater:

12ten Spilldag:
• Differdange – Kehlen 8 - 0
• Junglinster – Schifflange 8 - 0
• Bettembourg – Kayl 8 - 0
• Dudelange – Europeen 6 -2

13ten Spilldag:
• Junglinster – Differdange 5 - 3
• Schifflange – Bettembourg 6 - 2
• Kayl – Europeen 3 - 5
• Kehlen - Dudelange 5 - 3 Nächsten Rendez-vous, den 24. Mäerz zu Beetebuerg.

Weider Informatioune fannt Dir op www.feluba.lu

© Nils Nörges

Back to Top
CIM LOGO