
Op déi zweete Plaz huet et de Simon Eder an d’Lisa Hauser aus Éisträich gepackt, déi mat engem Retard vu ronn 22 Sekonnen an d’Zil komm sinn. Frankräich ass mam Antonin Guigonnat a mam Julia Simon mat engem Retard vun 1:06 Minutten op déi drëtte Plaz komm.