Schisprangen zu WillingenGeiger viru Stoch a Kobayashi

RTL Lëtzebuerg
Den däitsche Schisprénger Karl Geiger konnt sech virun de Favoritte behaapten.
© afp

311,1 Punkte stoungen um Enn fir de Karl Geiger um Tableau d’Affichage. Soumat konnt sech den Däitsche virum Kamil Stoch an dem Ryoyu Kobayashi behaapten. De Stoch aus Polen hat no den zwee Duerchgäng 307,1 Zieler an de Japaner Kobayashi, dee jo d’Véier-Schanzen_Tournée gewonnen huet, huet sech um Enn misse mat 304,7 Punkten zefridde ginn.

Back to Top
CIM LOGO