
D’Explikatioun tëscht Frankräich a Schottland war besonnesch spannend, well béid Ekippen um leschte Spilldag Plomme gelooss haten. D’Fransouse ware géint England ënnerleeën a Schottland hat géint Irland verluer.
An der Hallschecht louch Frankräich am Stade de France mat 10:3 vir. Dës Féierung sollt d’Formatioun ronderëm de Guilhem Guirado och behaapten an huet sech um Enn mat 27:10 duerchgesat. Virun allem mam Romain Ntamack haten d’Schotten hir Schwieregkeeten.

Beim 2. Match vum Dag asszu Cardiff Wales op England getraff - hei haten d’Waliser um Enn d’Nues mat 21:13 vir. Wales war iwwerhaapt net gutt an de Match komm a louch no der 1. Hallschecht mat 3:10 hannen. England huet u sech kee schlecht Gesiicht gewisen, war awer an den decisive Phasen net clever genuch.
Um Enn steet eng verdéngte Victoire fir d’Waliser um Tableau.