SchisprangenEisenbichler ass neie Weltmeeschter

RTL Lëtzebuerg
Den Däitsche konnt sech zu Innsbruck viru sengem Landsmann Karl Geiger an dem Schwäizer Killian Peier duerchsetzen.
© afp

Bei der Nordescher Schi-Weltmeeschterschaft zu Innsbruck op der Bergisel Schanz konnt sech den Däitsche Markus Eisenbichler virun der Konkurrenz behaapten.

Mat engem Sprong am 1. Duerchgang vun 131,5 an am 2. vun 135,5 Meter war de 27 Joer alen Däitschen dee Stäerksten. Hannert him um Podium huet sech säi Landsmann de Karl Geiger misse mat der 2. Plaz zefridde ginn - op déi 3. Plaz koum de Schwäizer Killian Peier, dësen hat tëschenzäitlech souguer geféiert.

Back to Top
CIM LOGO