FOTOENÉischte Match am Dammen-Äishockey zu Lëtzebuerg

RTL Lëtzebuerg
De Weekend gouf op der Kockelscheier deen éischten offiziellen Äishockey-Match vun enger Dammenekipp gespillt.
© Val Wagner

Donieft war et och déi éischt Participatioun beim Global Girls Game, dat all Joer vun der internationaler Äishockey-Federatioun organiséiert gëtt. Hei geet et dorëmmer, datt wärend 24 Stonnen iergendwou op der Welt vun Neiséiland bis Asien a vun Europa bis d’USA een Dammen-Äishockey-Match gespillt gëtt.

Nach steet d’Lëtzebuerger Dammenekipp beim Tornado ganz am Ufank, ma den Interessi ass grouss. Trainéiert gëtt d’Ekipp vum Christophe Hernandez.

© Val Wagner

FOTOGALERIE: Andréck vum Val Wagner

Back to Top
CIM LOGO