Schi AlpinDominik Paris dominéiert och de Super-G

RTL Lëtzebuerg
Op d'Plazen 2 an 3 koumen de Kjetil Jansrud virum Beat Feuz. Mat der Victoire huet den Dominik Paris och d'Féierung am Super-G-Weltcup iwwerholl.
© afp

No der Descente um Samschdeg war den Italiener Dominik Paris och am Super-G zu Kvitfjell an Norwegen net ze schloen. Mat engem Virsprong vun 43 Honnertstel sëtzt en sech virum Norweger Kjetil Jansrud duerch. Drëtten a mat engem Réckstand vu 60 Honnertstel gouf de Schwäizer Beat Feuz.

Mat dëser Victoire huet den Dominik Paris och d’Gesamtwertung am Super-G iwerholl a geet als beschten an d’Weltcup-Finall Mëtt Mäerz zu Soldeu an Andorra.

Bei den Dammen gouf och um Sonndeg de Super-G zu Sotchi opgrond vun ze vill Neischnéi ofgesot.

Back to Top
CIM LOGO