Schi-WMD'Favoritten aus Norwegen sëtzen sech duerch

RTL Lëtzebuerg
Bei den Dammen sinn et d'Leeferinnen aus Schweden déi sech iwwerraschend viru Slowenien a Norwegen duerchsetze konnten.
© afp

An der Staffel am Sprint konnte sech bei den Hären alt nees eng kéier d’Favoritten aus Norwegen mat de Leefer Johannes Klaebo an Emil Iversen duerchsetzen. Am Schlusspurt war de Klaebo vun deenen aneren net méi anzehuelen a gewannen ganz souverän. Op déi zweet Plaz koum Russland mat de Leefer Gleb Retivic an Alexander Bolushnov. Hannendrun goug Bronze un d’Italiener Francesco de Fabiani a Federico Pellegrino.

Bei den Dammen gouf et dann awer eng grouss Iwwerraschung an et waren net déi héich gehandelt Norweger mam Ingvild Flugstad Östberg an Maiken Caspersen Falla déi gewanne konnten a fir Si gouf et just Bronze. Hinnen e Stréch duerch d’Rechnung maachen, konnt den Duo aus Schweden mam Maja Dahlqvist a Stina Nilsson. An nach méi iwwerraschend war déi 2. Plaz vum Katja Visnar an Anamarija Lampic aus Slowenien.

Back to Top
CIM LOGO