Schi-AlpinDen Italiener Dominik Paris gewënnt an Norwegen

RTL Lëtzebuerg
Bei der Descente zu Kvitfjell an Norwegen konnt den Dominik Paris virun der Konkurrenz gewannen. Zweete gouf de Beat Feuz an den Drëtten de Matthias Mayer.

De Super-G-Weltmeescchter Dominik Paris war bei der Descente am norwegesche Kvitfjell dee Séiersten. Mat enger zolitter Leeschtung setzt hien domat de Beat Feuz op déi 2. Plaz a war 25 Honnertstel méi séier wéi de Schwäizer.

Déi drëtte Plaz goung un de Matthias Mayer. Den Éisträicher war 37 Honnertstel méi lues wéi de Paris.

Back to Top
CIM LOGO