
Dobäi huet déi Lëtzebuerger Leeferin esou just hiren nationalen indoor Rekord vun 2 Minutte 4 Sekonnen an 32 Honnertstel net geknackt. E Samschdeg Mëtteg konnt d’Lëtzebuergerin awer eng gutt Leeschtung bidden - de Chrono ass no den 800 Meter op 2 Minutte 4 Sekonnen an 72 Honnertstel stoe bliwwen.
Och d’Vera Hoffmann war am Ausland am Asaz. Déi jonk Leeferin konnt sech zu Leipzig bei den däitschen Halen-Meeschterschafte mat der Zäit vun 2 Minutten 12 Sekonnen a 47 Honnertstel fir d’Finall e Sonndeg qualifizéieren.
Beim franséische Championnat huet d’Patrizia Van der Weken an d’Finall gepackt. Hei koum d’Lëtzebuergerin op déi 5. Plaz - hire Chrono louch bei 7 Sekonnen an 48 Honnertstel op de 60-Meter-Sprint.