
De Bob Bertemes huet sech e Freideg den Owend beim internationalen Indoor Meeting zu Madrid am Bommstoussen als 5. klasséiert. De Lëtzebuerger huet d’Bomm 19 Meter an 78 Zentimeter wäit gestouss. Hien ass domadder 1 Meter a 7 Zentimeter ënner sengem nationale Rekord bliwwen, dësen hat hien eréischt de leschte Weekend realiséiert. Déi 5 weider Versich vum Bob Bertemes waren e Freideg den Owend ongülteg.
Gewonne gouf d’Kompetitioun vum Däitschen David Storl mat 21 Meter an 1 Zentimeter.