Op der Liichtathletik-Indoor-Europameeschterschaft zu Glasgow a Schottland konnt de Bob Bertemes an der Finall vum Bommstoussen e Freideg den Owend net seng allerbeschte Leeschtung ofruffen, ma um Enn ass trotzdeem déi gutt 5. Plaz erausgesprongen. De Lëtzebuerger hat am 4. Duerchgang säi beschte Versuch an dat mat 20,70 Meter. Hie ass domadder 33 Zentimeter ënnert sengem eegene Lëtzebuerger Rekord bliwwen. Donieft war nach de 6. Versuch vum Bob Bertemes gëlteg, hei ass d’Bomm bei 20,60 Meter gelant. An der Qualifikatioun e Freideg de Moien hat hien d’Bomm 20,97 Meter wäit gestouss.
Gold goung um Enn un de Pol Michal Haratyk mat 21,65 Meter. Sëlwer war fir den David Storl aus Däitschland hien huet d’Bomm 21,54 Meter wäit gestouss. Um Podium stoung nach den Tschech Tomas Stanek mat 21,25 Meter.
E Freideg den Owend war och nach d’Vera Hoffmann iwwer 1500 Meter am Asaz. Déi jonk Lëtzebuergerin ass ee Chrono vu 4 Minutten 21 Sekonnen a 7 Honnertstel gelaf an ass domadder op déi 20. Plaz ënnert 23 Konkurrentinne komm.

Trotz gudder Leeschtung sinn d’Charline Mathias an de Charel Grethen net bis an d’Halleffinall respektiv d’Finall komm.
D’Charline Mathias ass iwwer 800 Meter an de Serie 41 Honnertstel iwwer hirem Lëtzebuerger Rekord bliwwen. D’Zäit vun 2 Minutten, 4 Sekonnen an 73 Honnertstel ass net duergaangen, fir sech fir d’Halleffinallen ze qualifizéieren.

Iwwer 1.500 Meter ass de Charel Grethen gutt 6 Sekonnen iwwer sengem Lëtzebuerger Rekord bliwwen a konnt sech net fir d’Finall qualifizéieren.
En finale du lancer du poids Bob Bertemes se place à la 5ème place dans un concours très relevé. Après deux essais mordus il lance le poids à 20m70, son meilleur jet de la soirée. Il ne parviendra pas à se rapprocher davantage de son record personnel et du podium.
Le titre est remporté par le polonais Michal Haratyk avec une meilleure performance européenne de la saison à 21m65. Le podium est complété par l’allemand David Storl, 21m54, et le tchèque Tomas Stanek, 21m25.
Plus tôt dans la soirée, Vera Hoffmann se classe 20ème sur 22 athlètes dans les séries du 1500m. Dans la troisième série, la plus lente de toutes, elle termine à la 6ème place avec un chrono à 4'21"07.