
Déi eng ass ëm Tribünen an de Schwämmen gaangen, an déi aner iwwert de Sportcoachen an „health manager“. Lo sinn d’Äntwerten vum Sportminister do.
D’Nancy Kemp-Arendt wollt wëssen, a wéi wäit scho Léisungsvirschléi ausgeschafft goufen, fir esou e eventuelle Beruff ze reglementéieren. An senger Äntwert verweist den Dan Kersch op den Koalitiounsaccord, wou dra steet, datt an dësem Kontext Etüde wäerte gemaach ginn. En interministerielle Grupp vum Sport- an Educatiounsministere huet sech Mëtt Januar och schonn dofir gesinn. Et kann een sech duerchaus e Beruffsbild vun engem Sportcoach virstellen, deen dann an der Spezialisatioun vum Kannersport iwwert d’motoresch Grondausbildung, bis bei de Kompetitiounssport, de Präventiouns- a Gesondheetssport, bis an de Fitnessberäich kann eragoen. Wat Präventiounsprogrammer uginn, wäisst sech d’Regierung op, fir dat ze ënnerstëtzen, wa verschidde Viraussetzunge gi sinn.
An der zweeter parlamentarescher Fro, wat d’Feele vun Tribünen an enger ganzer Rei vu 25 Meter Piscinnen uginn, wat de Problem mat sech bréngt, datt Elteren, Spectateuren oder Trainer keng wierklech Plaz hunn, fir sech opzehalen, verweist de Sportministere op d’Autonomie vun de Gemengen, déi Bauhär sinn. De Ministère kéint de Bauhär just encouragéieren, Sportinfrastrukturen ze realiséieren, déi maximal funktionell sinn, fir d’Ausübe vum Sport.