D’Federatioun zielt eng 2.300 Memberen an 62 Clibb. D’Fëscher sinn nach ëmmer ganz aktiv laanscht d’Sauer. Laanscht d’Musel ass et awer méi roueg. Duerch de Bau vun der Vëlospist op der Wäistrooss wäert den Accès fir d’Fëscher bei d’Musel quasi onméiglech ginn.
De Jos Scheuer, President vun der Sportfëscher-Federatioun erkläert, dass ee bei allen Demandë beim Staat, dass den Accès fir d’Fëscher mat ageplangt gëtt, gescheitert ass. Et hätt ee keng Äntwert kritt an dat géing ee Schued fannen. Et wier nämlech ganz einfach gewiescht, zum Beispill ee Lach an den Zonk ze maachen, ma et géing ausgesinn, wéi wann d’Fëscher op der Musel einfach net méi erwënscht wieren.