No Operatioun1. Tournoi fir d'Jenny Warling zu Salzburg

RTL Lëtzebuerg
Nodeems d’Jenny Warling Enn August 2018 mat de Kräizbänner operéiert gouf, hëlt si no der Verletzungspaus a Reha-Phas erëm aktiv un engem 1. Tournoi deel.

Dobäi geet et ëm d’K1 SeriesA zu Salzburg vum 1. bis den 3. Mäerz. Fir dëse Weekend sinn an Éisträich 99 Natioune gemellt, opgedeelt op 2.057 Athleten.

Lëtzebuerg ass mat 9 Athleten dobäi. D’Jenny Warling start wéi gewinnt an der Kategorie -55kg, wou 139 Kämpferinnen aus 56 Länner géinteneen untrieden.

Hir Kategorie gëtt e Samschdeg de Moie vun 9 Auer un an der Salzburgarena ausgedroen.

Hei déi komplett Delegatioun:
Berna Allison Female Kumite -68 Kg
Giorgetti Pola Female Kumite 68+ Kg
Henry Celine Female Kata
Hoffmann Laura Female Kumite -55 Kg
Marques Patrick Male Kata
Nelting Kimberly Female Kumite -61 Kg
Neves Jordan Male Kumite -67 Kg
Warling Jennifer Female Kumite -55 Kg
Zantis Laura Female Kumite 68+ Kg

Back to Top
CIM LOGO