Handschlag-AffärMinistesche Backes an Hansen gesinn ënnerschiddlech Begréissunge wéinst Geschlecht kritesch

Claude Zeimetz
Virun engem knappe Mount hat e Fussballspiller vun der Jeunesse Esch refuséiert, Supporterinnen d'Hand ze ginn. D'Ministesche Backes an Hansen hunn elo reagéiert.
An der Handschlag-Affär ginn et nei Momenter an Usiichten.
An der Handschlag-Affär ginn et nei Momenter an Usiichten.
© MOHSSEN ASSANIMOGHADDAM/dpa Picture-Alliance via AFP

D'Affär hat iwwert de Fussballsterrain eraus fir Opreegung gesuergt. Virun engem knappe Mount hat e Fussballspiller vun der Escher Jeunesse nom Match zu Käerjeng refuséiert, Supporterinnen d'Hand ze ginn. Op d'Nofro vun der LSAP hi melle sech och lo d'Ministerinnen Yuriko Backes a Martine Hansen zu Wuert.

Och d'Ministesche fir Gläichstellung a Sport gesinn eng ënnerschiddlech Begréissung vu Fraen a Männer wéinst hirem Geschlecht kritesch. All Persoun misst am Sport mat deem selwechte Respekt behandelt ginn. Reliéis Iwwerzeegunge kéinten eng "gesetzlech verbueden Diskriminéierung opgrond vum Geschlecht net rechtfäerdegen", heescht et an der Äntwert vun der parlamentarescher Fro.

De Veräin vum viséierte Spiller, d'Escher Jeunesse, hat nom Virfall d'Lëtzebuerger Agence fir Integritéit am Sport an déi National Ethikkommissioun saiséiert an och Kontakt mam Sportsministère an der FLF opgeholl. D'Jeunesse huet awer och d'Hetzcampagne géint hir Spiller um Internet ausdrécklech denoncéiert.

Vun de Ministeschen ass et nach d'Präzisioun, datt et den Ament keng Richtlinnen oder Recommandatioune gëtt, wéi Sportsveräiner oder d'Federatioune mat esou Konflikter solle ëmgoen.

Liest dozou och:

Back to Top
CIM LOGO