Neie "Weltrekord" a Brasilien51 rout Kaarten an engem Futtballmatch

Tom Nols
Eng Partie an der zweeter brasilianescher U20-Liga ass komplett aus dem Rudder gelaf an huet fir en Asaz vun der Militärpolice gesuergt.
E brasilianeschen Arbitter huet 53 rout Kaarte ginn an domat en neie Weltrekord opgestallt.
E brasilianeschen Arbitter huet 53 rout Kaarte ginn an domat en neie Weltrekord opgestallt.
© GLYN KIRK/AFP

An der Partie tëscht Mamoré an Uberlandia war an der 54. Minutt den 3:1 fir d'Gäscht gefall. Well de Buteur Davi Fernandes Bittencourt sech virun der Bänk vun der Heemekipp ze provokant gefreet hat, war hie vum Golkippstrainer gestouss ginn.

An der Suite hat sech doraus eng Massekläpperei entwéckelt, un där souguer Balljonge bedeelegt waren a Still gehäit gi sinn. Um Enn hat den Arbitter Fernando Patrick Drosghic Modesto 43 Spiller an aacht Membere vum Trainerstaff jeeweils déi rout Kaart gewisen. Uschléissend war d'Partie logescherweis ofgebrach ginn.

D'Militärpolice, déi hat mussen intervenéieren, huet vill Schued am Stadion constatéiert. D'Partie wäert an d'Geschicht vum Futtball agoen a warscheinlech och an d'Guinness Buch vun de Rekorder stoe kommen. Den ale Rekord vu 36 roude Kaarten 2011 bei enger Partie an der fënnefter argentinescher Liga ass bei Wäitem iwwertraff ginn.

Back to Top
CIM LOGO