Nodeems en Dënschdegowend déi éischt néng Matcher vum véierte Spilldag an der Champions League gespillt goufen, stoung e Mëttwochowend d'Suite um Programm. Dortmund gewënnt 2:1 géint Betis Sevilla, Como trëfft bei der héchster Victoire jeemools an der Champions-League-Geschicht néng Mol zu Lens a Fenerbahce iwwerrascht Liverpool.
Wéi och schonn en Dënschdeg gouf et am Virfeld vun all Match eng Gedenkminutt fir de Jesus de Miguel vum spueneschen Zweetligist CD Teneriffa, deen no enger uerger Kollisioun mam géigneresche Golkipp un de Suitte vu senge Blessure gestuerwen ass.
Borussia Dortmund - Betis Sevilla 2:1
1:0 Silva (49'), 1:1 Ruibal (67'), 2:1 Karetsas (72')
Dortmund huet 2:1 géint Betis Sevilla gewonnen. Bei Dortmund stoung den Nationalspiller Enzo dos Santos am Kader, dat nodeems hie mëttes schonn eng gutt Stonn an der UEFA Youth League gespillt huet, wou den Duell tëscht béiden U19-Ekippen 2:2 ausgaangen ass. Am Signal Iduna Park kruten d'Spectateuren an der Ufanksphas e puer spannend Aktiounen a souguer ee fréie Gol fir d'Spuenier gebueden, dëse gouf allerdéngs wéinst Abseits oferkannt. Well béid Ekippen näischt aus hire Chancen ze maache wossten, ass et mat engem 0:0 an d'Paus gaangen. Batter fir Dortmund: De Serhou Guirassy huet no enger hallwer Stonn missen ugeschloen ausgewiesselt ginn.
No der Paus war Dortmund déi kloer besser Ekipp an huet sech an der 49. Minutt mam 1:0 vum Fabio Silva fréi dofir belount. Betis wollt sech awer net geschloe ginn an huet duerch den agewiesselten Aitor Ruibal den Ausgläich markéiert. Betis huet am weidere Verlaf zwar op den Ausgläich gedréckt, krut de Ball awer keng zweete Kéier iwwert d'Linn, soudass Dortmund um Enn mat 2:1 gewënnt. Et ass deen éischte Punkteverloscht fir d'Ekipp vu Betis, déi hir éischt dräi Matcher alleguer gewonnen hat.
Fenerbahce - Liverpool 3:2
0:1 Nyoni (25'), 1:1 Greenwood (29'), 1:2 Isak (69'), 2:2 Brown (73'), 3:2 Muriqi (79')
Fenerbahce huet virum eegene Public eng gutt Leeschtung gewisen a Liverpool verdéngt mat 3:2 geklappt. Obwuel d'Gäscht zwee Mol a Féierung gaange sinn, konnten d'Tierken a béide Fäll bannent véier Minutten ausgläichen an de Match um Enn souguer dréinen. Den entscheedende Gol huet de Vedat Muriqi an der 79. Minutt mat engem Käpper markéiert, wouropshin d'Spiller vu Liverpool geschockt waren an net méi zwéngend reagéiere konnten. Nodeems d'Englänner hir éischt dräi Matcher an der Champions League gewonnen hunn, si si zu Istanbul déi éischte Kéier an dëser Campagne als Verléierer vum Terrain gaangen.
AEK Athen - Real Madrid 2:3
1:0 Koita (12'), 1:1 Bellingham (32'), 2:1 Pilios (75'), 2:2 Mbappé (78'), 2:3 Valverde (90'+2)
Real Madrid huet zwee Réckstänn iwwerstanen a sech spéit mat 3:2 zu Athen behaapt. Den Aboubakary Koita an de Stavros Pilios hunn AEK Athen zwar zwee Mol a Féierung bruecht, d'Spiller vum Real hunn allerdéngs gewisen, firwat dëst Joer nees mat hinnen ze rechnen ass. Nach virun der Paus konnt den Jude Bellingham déi éischte Kéier ausgläichen, dat zwou Minutten nodeems säin éischte Gol wéinst Abseits oferkannt gouf. Nom Säitewiessel hat Real Madrid zwar vill méi Chancë wéi d'Lokalekipp, ass awer nees aus dem Näischt a Réckstand geroden, éier de Kylian Mbappé dräi Minutten nom Géigegol an de Federico Valverde an der Nospillzäit fir déi véierte Victoire am véierte Match gesuergt hunn.
FC Porto - SSC Neapel 4:1
1:0 Bednarek (11'), 1:1 McTominay (43'), 2:1 Veiga (71'), 3:1 Kiwior (80'), 4:1 Samu (90')
An engem ëmkämpfte Match huet Porto 4:1 géint Neapel gewonnen. An den Ufanksminutten huet de Jan Bednarek no engem Corner den 1:0 fir d'Lokalekipp gekäppt, eng hallef Stonn méi spéit konnt de Scott McTominay awer ausgläichen, well d'Gäscht ëmmer besser an de Match fonnt hunn. An der zweeter Hallschent huet d'Lokalekipp d'Heft awer nees an d'Hand geholl an duerch dräi Goler an de leschten 20 Minutte fir eng um Enn souverän Victoire gesuergt. Et sinn déi éischt Punkte fir Porto an dëser Campagne.
PSV Eindhoven - Club Bruges 1:2
0:1 Tresoldi (25'), 1:1 Sano (54'), 1:2 Forbs (65')
Club Bruges huet 2:1 zu Eindhoven gewonnen an domat ee weidert staarkt Resultat an dëser Campagne gemaach. Den Nicolo Tresoldi an de Carlos Forbs hunn enger gudder Ekipp vun Eindhoven den Zant gezunn. Zwar konnten d'Hollänner tëschenduerch ausgläichen, ee Punkt sollt fir si um Enn awer net eraussprangen.
RB Leipzig - Manchester City 2:3
0:1 Lukeba (SG, 37'), 1:1 Baku (49'), 1:2 Fernandez (58'), 2:2 Nusa (61'), 2:3 Haaland (78')
Manchester City wënnt glécklech mat 3:2 zu Leipzig. An der éischter Hallschent hunn d'Citizens vun engem onglécklechen Eegegol vum Castello Lukeba profitéiert, fir mat enger knapper Féierung an d'Paus ze goen. Bis dohin hat Leipzig méi vum Match an de Géigner eigentlech gutt am Grëff. Nom Säitewiessel hu si genau do ugeknäppt an an der 49. Minutt duerch de Ridle Baku de verdéngten Ausgläich markéiert. Géint de Spillverlaf ass ManCity eng weider Kéier a Féierung gaangen, huet awer nëmmen dräi Minutten drop de séieren Ausgläich kasséiert. Wéi den Erling Haaland deen drëtte Gol fir City geschoss huet, war Leipzig dunn awer trotz gudder Leeschtung geschloen.
Slavia Prag - Arsenal 1:2
0:1 Madueke (9'), 0:2 Gyökeres (38'), 1:2 Nowak (90')
Arsenal ass der Favoritteroll zu Prag gerecht ginn an huet Slavia bei der 2:1-Victoire laang keng Chance gelooss. No néng Minutten huet den Noni Madueke no engem séieren Ugrëff fir den 1:0 fir d'Gäscht gesuergt, éier de Viktor Gyökeres nach virun der Paus no enger flotter Kombinatioun erhéije konnt. No der Paus hat Slavia Prag zwar e puer gutt Chancen, konnt allerdéngs réischt an der leschter Minutt treffen, soudass d'Gunners hir Féierung an d'Zil bréngen an domat weider ongeschloe bleiwen an op déi drëtte Plaz an der Tabell klammen.
RC Lens - Como 1:9
0:1 Douvikas (7'), 0:2 Douvikas (32'), 0:3 Paz (40'), 0:4 da Cunha (47'), 0:5 Kempf (53'), 0:6 Douvikas (57'), 0:7 Liberali (62'), 1:7 Aguilar (65'), 1:8 Baturina (69'), 1:9 Papaccioli (90'+1)
Como ass an Toppform op Lens gereest an huet déi do bei der 9:1-Victoire méi wéi ënner Beweis gestallt. Schonn an der éischter Hallschent huet Tassos Douvikas een Doublé markéiert a seng perséinlech Serie ausgebaut: Hien huet an dëser Campagne an all Match op d'mannst ee Gol geschoss. Nodeems den Nico Paz an der 40. Minutt op 3:0 fir Como gestallt huet, war scho virum Säitewiessel kloer, dass den Italieener déi dräi Punkten net méi ze huele sinn. No der Paus huet d'Ekipp vum Trainer Cesc Fabregas genau do weidergemaach, wou se virdrun opgehalen hunn an de Score monter ausgebaut. Och den Tassos Douvikas huet eng weider Kéier getraff. Um Enn huet de Robin Risser am eegene Stadion de Ball néng Mol aus dem eegenen Netz misse fëschen.
Viking - Sabah 4:1
0:1 Mbina (11'), 1:1 Botheim (27'), 2:1 Tripic (69'), 3:1 Falchener (81'), 4:1 Botheim (90'+4)
Am Duell vun den Debutanten huet Viking géint Sabah duerch ee 4:1 déi éischte Victoire an der Champions League gefeiert. Zwar sinn d'Gäscht fréi mat 1:0 a Féierung gaangen, d'Norweger waren dovun awer net beandrockt a sinn nach an der éischter Hallschent zum Ausgläich komm, éier si an den zweete 45 Minutten - och bedéngt duerch eng rout Kaart fir Sabah - de Match zu hire Gonschten entscheet hunn.
________________________________________________
Klickt hei, fir op d'Resultater, d'Statistiken an d'Ekippe vun der Champions League ze kommen.