Internationale FuttballRafael Nadal soll Comitésmember vu Real Madrid ginn

Sam Rickal
D'Tennis-Ikon gouf vun der Veräinsféierung ronderëm de President Florentino Perez proposéiert. Dat huet de spuenesche Rekordchampion e Mëttwoch annoncéiert.
De Rafael Nadal kéint den 21. November an de Comité vu Real Madrid gewielt ginn.
De Rafael Nadal kéint den 21. November an de Comité vu Real Madrid gewielt ginn.
© BURAK AKBULUT / ANADOLU / ANADOLU VIA AFP

De Rafael Nadal huet net nëmmen eng Passioun fir den Tennis, mee ass zanter senger Kandheet och grousse Supporter vu Real Madrid. Zanter 2011 ass den 22-fache Grand-Slam-Vainqueur Éieremember vum spueneschen Traditiounsclub. Elo kéint doraus awer méi ginn.

De 40 Joer ale Spuenier gouf e Mëttwoch vun den Dirigente vum Veräi ronderëm de President Florentino Perez als neie Comitésmember proposéiert. De Nadal selwer huet dës Propos op soziale Medie schonn akzeptéiert. Déi fréier Tennis-Ikon soll den 21. November op enger ausseruerdentlecher Generalversammlung confirméiert ginn. Am Fall, wou d'Memberen dës Propos akzeptéieren, géif hien an de Comité opgeholl ginn.

De Rafael Nadal huet seng Tennis-Karriär 2024 opgehalen. Insgesamt konnt hien ënner anerem 92 Titelen am Eenzel an zwou Goldmedailen op den Olympesche Spiller gewannen.

Back to Top
CIM LOGO