
Alleguerten déi 435 Sëtz vum Representantenhaus stoungen zur Wiel: D'Demokrate konnten a wichtegen Distrikter a Florida, Ohio an Texas Coursse fir sech entscheeden, déi dënn Majoritéit vun de Republikaner ass also gekippt.
D'selwecht am Senat, wou eng demokratesch Majoritéit elo feststeet: Och hei konnten d'Demokrate wichteg Coursse géint d'Republikaner gewannen. Ugefaangen zu New Hampshire, wou de Chris Pappas géint de Republikaner John Sununu gewënnt. De Pappas ass och deen éischten oppe schwule Politiker, deen an de Senat kënnt. Och den Demokrat Jon Ossof konnt säi Senat-Sëtz mat grousser Majoritéit am Georgia behalen.
Am North Carolina hunn d'Demokrate mam Roy Cooper ee Senat-Sëtz vun de Republikaner iwwerholl. Dat selwecht dann och am South Carolina: South Carolina wäert vun elo u vun der Demokratin Annie Andrews am Senat vertruede ginn.
Et ass dann och eng historesch Victoire an Texas fir de Senatskandidat James Talarico: Et ass fir déi éischte Kéier zanter méi wéi 3 Joerzéngten, datt fir Texas een Demokrat am Senat sëtzt. D'selwecht am Kansas: Zanter 1932 huet Kansas just Republikaner an de Senat geschéckt, ma den Adam Hamilton konnt sech géint den Trump-Kandidat Roger Marshall duerchsetzen.
Och bei de Gouverneurswale ginn et wichteg Victoirë fir d'Demokraten: Am Texas huet d'Gina Hinojosa géint den aktuelle republikanesche Gouverneur Greg Abbott gewonn. D'Republikaner hu méi wéi 30 Joer laang de Gouverneur an Texas gestallt.
An Georgia wäert d'Keisha Lance Bottoms déi éischt Fra, an och déi éischt schwaarz Fra, dëse Posten iwwerhuelen. D'Demokratin, déi bis elo Buergermeeschtesch vun Atlanta war, trëtt domat d'Nofolleg vum Republikaner Brian Kemp un, deen no zwou Mandatsperioden net méi huet dierfen untrieden.
Besonnesch déi héich Liewenskäschten an de Krich am Iran hu villen Amerikanerinnen an Amerikaner op de Mo geschloen. D'Zoustëmmungswäerter vum President Trump hunn nei negativ Rekorder an de leschte Wochen erreecht. Dësen Trend schéngt sech also bei dëse Midterms ze confirméieren.
Den Donald Trump huet op dës éischt Resultater reagéiert: Wéi hien der New York Times matdeelt, géif hien d'Resultater akzeptéieren a mat den Demokraten zesummeschaffen. Hie géif sech esou guer drop freeën. Op senger Plattform Truth Social huet hien et sech awer net huele gelooss ze ënnersträichen, datt wann hien op de Walziedele gestanen hätt, d'Republikaner däitlech gewonnen hätten.