
Ënnert anerem, datt si Sue geholl hätt, fir Leit oder Firmen an hiren Artikele schlecht ze maachen. D'Véronique Poujol wiert sech an huet Plainte gemaach.
D'Virwërf si fräi erfonnt an hu keng Basis, esou d'Véronique Poujol op Nofro. Et wier net déi éischte Kéier an hirer Karriär, datt si Géigewand hätt, mee nach ni wier et esou schlëmm gewiescht. Warscheinlech dee schrooste Virworf: Datt si sech soll bezuele gelooss hunn, fir destruktiv Artikelen iwwer d'Feinde vun hire "Clienten" ze schreiwen. Op der Websäit gëtt sech just op anonym Quelle bezunn. Dem Véronique Poujol hiren Affekot, de Pierre Hurt seet:
"Déi hunn absolut keng Valeur, mee wat strofrechtlech relevant ass, dat sinn einfach, wéi een op franséisch seet, d'atteinte à l'honneuren, dat heescht, de Ruffschued deen entsteet doduerch, datt einfach Falschaussoen do verbreet ginn. Et ass eng ganz Rëtsch un Allégatiounen, wéi d'Juriste soen, déi schlicht an einfach falsch sinn. Et ass egal wat."
D'Véronique Poujol huet mat hirem Affekot Plainte géint onbekannt deposéiert, wéinst Diffamatioun a Calomnie. D'Websäit ass allerdéngs a Malaysien ugemellt.
"Sou dass et extrem schwiereg, menger Meenung no ausgesäit, fir ze identifizéieren, wat fir e Feigling sech dat erausgeholl huet."
D'Journalistenassociatioun ALJP ass solidaresch mam Véronique Poujol. Hire President Sidney Wiltgen seet:
"Et ass elo net déi éischte Kéier, dass sou probéiert gëtt, géint dës spezifesch Journalistin an dësem Fall virzegoen, mee ech muss awer nach eng Kéier betounen, wei krass dëse Fall awer einfach ass. Also do ass eng Foto mam kompletten Numm mat der ganzer Karriär vun der Journalistin, déi ëffentlech duerch den Dreck gezu gëtt. Mir ass kee Fall bekannt, deen esou schlëmm scho sollt gewiescht sinn."
Dem Affekot Pierre Hurt no läit de Ball elo beim Parquet, fir ze decidéieren, ob eng Enquête lancéiert gëtt oder net.
D'Lëtzebuerger Journalistenassociatioun ALJP hat schonn e Sonndeg op hirem Facebook-Site zu Solidaritéit mam Véronique Poujol opgeruff.