Exercice bei der Q8Zu Bartreng bei den Tank-Reservoiren gouf den Eeschtfall trainéiert

Mariette Zenners
Mat neistem Material vum CGDIS gouf den Noutfall geüübt.

An der lescht waren d'Tanklager nees an der Aktualitéit mam geplangten Ausbau am Mäerter Hafen. Där grousser Tanken ginn et jo och zu Bartreng an do war den Owend eng Übung vu Rettungsequippen: Police, Pompjeeë a soss Memberen vum CGDIS hunn den Noutfall geüübt.

Simuléiert gouf een Accident mat engem Tank Waggon op engem Zuch. Et kann een d'Leit also berouegen, déi vläicht gefaart hunn do wier wierklech eppes geschitt. Dat hei war een Training fir den Noutfall och mat neistem Roboter Material vum CGDIS.

Back to Top
CIM LOGO