Et war den eelefte Grousse Präis vu Mexiko zënter dem Retour am Joer 2015 an d'zentralamerikanescht Land. De Max Verstappen huet seng sechst Victoire am Autódromo Hermanos Rodriguez gefeiert. Den Hollänner huet dobäi vun engem Incident tëscht Hamilton a Leclerc am éischten Tour profitéiert.
Hannert dem Red-Bull-Pilot huet sech de Lewis Hamilton klasséiert, dee vun der Pole Position an d'Course gaange war. All d'Ae ware wärend den 71 Ronnen op de Kimi Antonelli geriicht. Den Italieener ass eng souverän Course gefuer, huet säin éischte Weltmeeschtertitel als Drëtte perfekt gemaach an duerft domat op de Podium klammen.
Den Antonelli ass mat 20 Joer an 2 Méint a 7 Deeg de jéngste Weltmeeschter an der Formel-1-Geschicht an den éischten Italieener nom Alberto Ascari 1953, dee Weltmeeschter gëtt.
De Charles Leclerc krut seng véiert Positioun géint de Lando Norris verdeedegt. Den George Russell hat no enger 10-Sekonne-Strof keen Afloss op den Ausgang vun der Course a gouf Sechsten, virum Oscar Piastri.
Alpine war mat deenen zwee Piloten, Colapinto a Gasly, an de Punkte vertrueden. Si haten als Aachten an Zéngten de Lawson am Sandwich.
Déi entscheedend Zeen vun der Course kruten d'Spectateuren direkt an den éischte Kéieren ze gesinn: De Charles Leclerc hat säin Teamkolleeg a Polesetter Lewis Hamilton direkt nom Start ënner Drock gesat. An der Kéier 4 hat de Monegass am Kampf mam Hamilton ofgekierzt a koum virum Britt op d'Streck zeréck.
An der Tëschenzäit hat de Verstappen, vu Plaz 5 an d'Course gaangen, de Rekordweltmeeschter iwwerholl, soudass de Leclerc op Positioun 3 zeréckgefall wär. Dat huet de Ferrari-Pilot net gemaach a krut 13 Ronne méi spéit eng 5-Sekonne-Strof. Domat huet sech Ferrari nees selwer e Bee gestallt, fir dës Course ze gewannen. Dësen Incident huet och zu teaminternen Divergenze wärend der Course geféiert.
Och den George Russell krut no engem Incident an der éischter Ronn eng 10-Sekonne-Strof an huet dës Strof an der 34. Ronn beim Boxestopp ofgesat. Dobäi war hie vun der Plaz 2 op 8 zeréckgefall an hat am Uschloss näischt méi mam Ausgang vun der Course ze dinn.
Fir Aston Martin war d'Course schonn no 7 Tier eriwwer, well béid Autoen zeréckgezu goufen. Nom Boxestopp an der 5-Sekonne-Strof vum Leclerc hat de Max Verstappen d'Féierung vun der Course iwwerholl.
Bis an d'Ronn 44 war net vill lass um Circuit, mee d'Course gouf nom Aschlag vum Valtteri Bottas fir 40 Minutten ënnerbrach an domat nei lancéiert. De Verstappen konnt seng Féierung nom Restart verdeedegen, hannendrun huet den Hamilton sech direkt de Leclerc gekroopt an duerno Juegd op de Verstappen gemaach. Och den Antonelli konnt sech laanscht de Monegass drécken.
Eng weider Safety-Car-Phas nom Out vum Arvid Linblad an der Ronn 60 hat keng Changementer un der Spëtzt als Konsequenz.