Protester zu BerlinOch an Däitschland wëllen déi Jonk Gehéier fannen

Korrespondenz vum Claire Schmartz
Nieft Frankräich war d'Jugend haut och an Däitschland op der Strooss. Déi gréisst Manifestatioune vun der "Gen Z" waren zu Köln, mee och zu Berlin annoncéiert.

Zu Berlin hate sech um Enn e puer Dausend Manifestanten zesummefonnt. Hir Theeme si breet opgestallt: si fuerdere méi Sue fir Bildung, Klimaschutz a Gesondheet a protestéiere géint deier Liewensmëttel, héich Loyeren a Liewenskäschten an och d'Wehrpflicht. D'Resultater vun der neier PISA-Etüd hunn Däitschland wakereg gerëselt.

Korrespondenz vum Claire Schmartz

Vill Jonker hunn allgemeng d'Gefill, datt hinnen net nogelauschtert gëtt. An de Walprogrammer vun de grousse Parteie kommen hir Suerge kaum vir. Politesch kann een dat ganz pragmatesch erklären: D'Parteie vum Zentrum riichte sech éischter no den eelere Wielerinnen a Wieler, well si um Enn den Ënnerscheed bei Wale maachen. Dozou sot den 18 Joer ale Steve vun der Beweegung "GenZ regelt" am Virfeld vun de Protester:

"Herr Merz! Wir werden unser Grundrecht zur Versammlung so lange wahrnehemen, bis sie aufhören, uns zu ignorieren."

Eng Äntwert op Aenhéicht gouf et bis elo net. Vun der Politik koume virun allem Warnunge viru Gewalt an Ausschreidungen – mee keng konkreet Gespréichsoffer.

D'Angscht viru Gewalt ass och zu Berlin ze spieren. Verschidde Geschäftsleit hunn d'Fënstere vun hire Butteker mat Brieder zougemaach.

D'Warnunge hu sech awer net bestätegt. Ob aus dësem Protest méi gëtt wéi just een Dag op der Strooss, hänkt elo vun der Politik of. Déi Jonk hunn e Samschdeg scho mol en Zeeche gesat.

Protester zu Berlin: Och an Däitschland wëllen déi Jonk Gehéier fannen
Nieft Frankräich war d'Jugend haut och an Däitschland op der Strooss. Déi gréisst Manifestatioune vun der "Gen Z" waren zu Köln, mee och zu Berlin annoncéiert.

Back to Top
CIM LOGO