Abordabele Wunnraum schafenAus der Cité Syrdall zu Wecker gëtt den neie Quartier "An der Schmëtt"

Christophe Hochard
De Fonds du Logement baut den Ament en neie Wunnquartier zu Wecker. Déi éischt plënneren am Dezember an hir nei Wunneng.
Aus der Cité Syrdall gëtt de Quartier "An der Schmëtt"
De Fonds du Logement baut den Ament en neie Wunnquartier zu Wecker. Déi éischt plënneren am Dezember an hir nei Wunneng.

164 Logementer zu abordabele Präisser fir Familljen aus dem Kanton Gréiwemaacher. Aus der Cité Syrdall gëtt e fuschneie Quartier mam Numm "An der Schmëtt". 

De Fonds du Logement baut hei Wunnengen. Een Drëttel kënnt an d'Vente, zwee Drëtt ginn an d'Locatioun. Tëscht 590 a 750.000 Euro kascht en Haus. Am Dezember dëst Joer kënnen déi éischt Leit an dësen neie Quartier zu Wecker, an der Gemeng Biwer, plënneren. 

1.900 Awunner zielt ablécklech d'Gemeng Biwer. Eng 700 Leit wäerte bis 2028 dobäi kommen. Do brauch et also och nei Infrastrukturen, ewéi eng Schoul oder Maison Relais. 

No joerzéngtelaangem Stëllstand deet sech also eppes an der aler Cité Syrdall. Op 5 an engem hallwen Hektar kann een deemnächst an engem Eefamilljenhaus oder Appartement wunnen. 

Internetsite: anderschmett.lu

Back to Top
CIM LOGO