50 Joer zesummegelieft, alles gedeelt, duerch déck an dënn gaangen: Dat eleng mécht een nach laang net zum Ierwen. Ouni Bestietnes oder Testament kann de Partner am schlëmmste Fall eidel ausgoen.
Och de PACS ass keng automatesch Ierfschaft Garantie. Wie wëllt, datt säi gepacste Partner eppes kritt, muss dat an engem Testament festhalen. Ënner bestëmmte Konditioune kann dës Ierfschaft da steierfräi sinn.
An der Famill kann et och Iwwerraschunge ginn: De Partner kann een ënner Ëmstänn entierwen, d'Kanner dogéint net komplett. Si hunn e gesetzlech garantéierte Flichtdeel, un deem och en Testament näischt ännere kann.
Eegenhänneg, beim Notaire oder esou sécher verstoppt, datt et duerno kee méi fënnt: Och bei der Form vun engem Testament ginn et Reegelen. En handgeschriwwent Testament muss komplett mat der Hand geschriwwen, datéiert an ënnerschriwwe sinn. En ausgedréckten Text mat enger Ënnerschrëft geet net duer.
Wien also net wëllt, datt no sengem Doud d'Gesetz, d'Famill oder am schlëmmste Fall de Sträit dat lescht Wuert huet, sollt sech mat senge leschte Wëlle beschäftegen.