Police deelt matSou verbréngt een de Weekend sécher Halloween

RTL Lëtzebuerg
Am Virfeld vum Dag vun de Geeschter an Hexen ass et wichteg, datt d'Sécherheet vu jidderengem Prioritéit bleift, fir datt och jidderee dëst Fest, dat och zu Lëtzebuerg ëmmer méi gefeiert gëtt, voll a ganz genéisse kann.
© Val Wagner

Wéi bei all Feierdag wäert d'Police an der Halloween-Nuecht, also vum 31. Oktober op den 1. November, hir Ekipp verstäerken, fir eng optimal Prise en charge vun den Ufroe an Tëschefäll kënnen ze garantéieren.

Gläichzäiteg rifft d'Police jiddereen dozou op, géigesäitege Respekt ze weisen, souwuel géintiwwer deene Leit, déi Halloween net feieren, wéi och géintiwwer deenen, déi un de Festivitéiten deelhuelen.

Bei all Noutfall, bei deem eng Policeinterventioun néideg ass, gëtt d'Bevëlkerung natierlech opgefuerdert, d'Police um113 ze kontaktéieren.

Hei e puer wichteg Rotschléi, fir sécher feieren ze goen

Manifestatiounen, bei deene vill Leit zesummekommen, kënnen och Persoune mat béisen Intentiounen unzéien. D'Police recommandéiert dofir wärend deenen Deeg speziell opzepassen an erënnert un e puer Preventiounsmesuren:

  • Passt bei der Halloween-Soirée op Är Saachen an Är Tuten op a loosst se net onbewaacht leien.
  • Sidd besonnesch opmierksam, wann Dir Iech an enger Mënschemass befannt, zum Beispill an enger Schlaang.
  • Haalt Äre Portmonni an der bannenzeger Täsch vun Ärer Jackett. Dës ass fir Déiwe méi schwéier zougänglech wéi aner Täschen.
  • Evitéiert kierperleche Kontakt mat Persounen, déi Dir net kennt. Trickdéiwe probéieren, hiren Affer méi no ze kommen, andeems si se ustoussen oder ronderëm si danzen, fir hinnen de Portmonni oder den Handy ze klauen.
  • Passt drop op, datt keen Zougang zu Ärem Gedrénks huet, fir ze verhënneren, datt onerwënscht Substanzen dra gemaach ginn.
  • Alkohol gehéiert zu den Haaptursaache vu schwéieren Accidenter. Fuert net, wann Dir Alkohol konsuméiert hutt.
  • Rechent ëmmer mam Onerwaarten. Passt Är Vitess dohier un a passt besonnesch op Foussgänger op, virun allem op Kanner.

Halloween mat de Kanner verbéngen

Halloween ass fir Kanner natierlech en interessant Fest: Kostümer, Séissegkeeten, Dekoratiounen a grujeleg Luuchte gehéieren dozou. Mee och hei ass Virsiicht gebueden:

  • Wann Är Kanner wëllen erausgoen, fir Séissegkeeten ze sammelen, da begleet se jee no hirem Alter an/oder erkläert hinnen d'Verkéiersreegelen an d'Gefore vum Stroosseverkéier, ier Dir se eleng erausloosst.
  • Zesummen ass ee méi sécher: Et ass méi virsiichteg, sech an engem Grupp ze beweegen an zesummenzebleiwen.
  • Benotzt d'Trottoiren. Wann et keen Trottoir gëtt, gitt esou, datt Dir dem Verkéier entgéint gitt.
  • Gitt nëmmen op Kräizungen oder Zebrasträifen iwwert d'Strooss.
  • Gitt sécher, datt souwuel Är Kanner wéi och Dir selwer gutt siichtbar sidd.
  • Huelt eng Täscheluucht mat, fir genuch Luucht ze hunn, wann et néideg ass.
  • Gitt nëmmen bei Haiser, bei deenen d'Luuchten u sinn.

Wann Dir verdächteg Persounen oder Géigestänn bemierkt, mellt dat iwwer den 113 a befollegt d'Instruktioune vun de Polizisten.

Back to Top
CIM LOGO