
E Freideg tëscht 11:30 an 12:30 Auer huet d'Police zu Féiz an der Rue du Brill eng gréisser Verkéierskontroll gemaach. Dobäi goufen alles an allem 30 Protokoller geschriwwen. Eleng 27 dovunner waren néideg, well d'Chaufferen den Handy hannert dem Steier benotzt hunn. Dat kascht 250 Euro a 4 Punkten.
Dräi weider Automobiliste kruten e Protokoll, well Dokumenter vum Auto gefeelt hunn oder net valabel waren.
12 Beamte ware fir déi Kontroll am Asaz.