3 Blesséierter um Freideg de MëttegAsätz vun de Rettungsservicer zu Jonglënster, op der A4 an op der A3

Andy Brücker
De CGDIS mellt ee Brand an zwee Accidenter, bei deenen e Freideg de Mëtteg Leit blesséiert goufen.
Zu Jonglënster hat en Haus gebrannt, an där eng eeler Persoun gewunnt huet. Si koum fir eng Kontroll an d'Spidol.
© Domingos Oliveira

Kuerz no 12 Auer huet et zu Jonglënster an der Rue de Bourglinster an enger Kiche gebrannt. Nieft dem SAMU waren Ambulanzen aus der Fiels a Jonglënster op der Plaz, grad ewéi d'Pompjeeë vu Konsdref, Jonglënster an aus der Fiels. Eng Persoun gouf verwonnt.

© Domingos Oliveira

Géint 12:40 Auer sinn op der A4, op der Bretelle fir op d'A13 zwee Autoen anenee gerannt. Och hei gouf eng Persoun verwonnt.

Géint 14:30 Auer huet et op der A3, tëscht dem Gaasperecher Kräiz an der Aire de Berchem gerabbelt. Dräi Autoe waren an deen Accident verwéckelt. Eng Persoun gouf verwonnt.

Back to Top
CIM LOGO