
D'Geschicht vun Halloween fänkt virun iwwer 2.000 Joer bei den ale Kelten an Irland, Schottland an am Norde vu Frankräich un. Hei hunn d'Leit deemools den 31. Oktober e speziellt Fest gefeiert, dat sougenannte Samhain-Fest. Dëst Fest markéiert iwwert eng laang Zäitspann d'Enn vum Summer, den Ofschloss vun der Recolte an den Ufank vum däischteren, kalen a fir vill Leit schwéiere Wanter.
An der keltescher Mythologie war dësen Owend eng Zort Iwwergang, deen och kloer eng mystesch oder magesch Konnotatioun hat: Et soll nämlech geheescht hunn, dass deen Owend d'Grenz, oder besser gesot d'Dier tëscht der Welt vun de Liewegen an där vun den Doudege fir eng Nuecht wäit opstoung.
Fir déi gutt Geeschter wëllkomm ze heeschen an déi béis ofzeschrecken, hunn d'Leit deemools op den Hiwwele grouss Feieren ugefaangen an hu sech mat Hëllef vun Déierepelzer a grujelege Maske verkleet, fir net vun de béise Geeschter erkannt ze ginn.
Mat der Christianiséierung goufen déi al heednesch Bräich am 8. Joerhonnert vum Poopst Gregor III. praktesch verschwanne gelooss respektiv adaptéiert. De chrëschtleche Feierdag Allerhellegen ass opkomm a gouf op den 1. November verluecht.
An hei komme mer dann awer op d'Spuer vun der Terminologie vum Fest. Den Owend virun Allerhellegen, also den 31. Oktober, gouf nämlech am englesche Sproochraum als "All Hallows' Eve" (also iwwersat "den Owend virun Allerhellegen") bezeechent. Doraus ass dunn iwwer d'Joerhonnerten d'Wuert "Halloween" entstanen.
An der Mëtt vum 19. Joerhonnert sinn du Millioune vun ireschen Auswanderer wéinst der grousser Hongersnout an d'USA geplënnert an hunn hir Traditiounen natierlech dohinner matgeholl a goufen och an den iresche Communautéiten um anere Kontinent weider gefleegt a gefeiert. Dorënner och Halloween.
An den USA huet d'Fest awer ganz kloer an am Verglach relativ séier dunn eng kommerziell an eng méi faarweg Form ugeholl: An d'Plaz vun der klassescher irescher Rommel koum den US-amerikanesche Kürbis, deem een dunn e grujelegt Gesiicht ausschneide konnt. D'Fest gouf ëmmer méi zu engem Event fir déi ganz Famill, et gouf ëmmer méi opwänneg a faarweg dekoréiert a verkleet.
An Europa, an domat och zu Lëtzebuerg, huet den Halloween-Kult ëm d'Enn vun den 1990er Joren an an de fréien 2000er Joren ugefaangen, sech auszebreeden a populär ze ginn. Ënnerstëtzt gouf dëst ganz kloer vun US-amerikanesche Filmer, Serien a geziilte Marketing-Campagnë vun der Spillsaachen- a Séissegkeeten-Industrie.
Wat ufanks hei an Europa als kuerzliewegen Trend ugesi gouf, huet sech awer iwwer d'Jore gehalen an ass haut bei ville Leit, virun allem bei Kanner a jonke Leit, fest am Kalenner verankert.
Ëmmer méi Kanner zéien dann och, änlech wéi op Liichtmëssdag, den 31. Oktober verkleet als Hexen, Geeschter, Monsteren oder aner grujeleg Gestallte vun Haus zu Haus. Dobäi ass an de Joren eppes wéi eng ongeschriwwe Reegel opkomm: Nëmme wou e Kalbass virun der Dier steet oder un der Dier vun engem Haus mat Halloween-Deko dekoréiert ass, gëtt geklappt. Noperen, déi net um Brauch interesséiert sinn, gi sou net gestéiert. Vill Leit stelle mëttlerweil och en Dëppe mat Séissegkeeten op en Dësch virun d'Dier, sou dass d'Kanner sech selwer zerwéiere kënnen.
Halloween-Nuechte fir Erwuessener an de Veräiner an a Wunn- a Feier-Quartieren, bis hin zu Privatleit, déi hir Haiser a Gäert deels mat risege Spannennetzer, Luuchten a grujelege Poppen an eng reegelrecht Attraktioun verwandelen - Halloween ass zu Lëtzebuerg ukomm. An och d'Offer vun Horrorfilmer an eise Kinoen, sou wéi op Streaming-Plattforme klëmmt ëm dës Zäit. Wann een akafe geet, huet praktesch all Produit eng Halloween-Editioun am Supermarché stoen.
Halloween huet dann och säin Deel dozou bäigedroen, datt en alen, traditionelle Lëtzebuerger Brauch erëm nei opgeflaamt ass. D'Trauliichter-Brennen – dat traditionellt Aushielege vu Rommelen, amplaz vu Kürbissen, fir béis Geeschter aus de Ställ ze verdreiwen, erlieft besonnesch an eisen Naturparken an an Touristenzenteren e grousse Comeback. Et ass souzesoen eng Lëtzebuerger Urform vun Halloween.