PolenSträit ëm d'Verfassungsgeriicht eskaléiert

Annick Goerens
A Polen spëtzt sech de méintelaange Muechtkampf ëm d'Verfassungsgeriicht weider zou.
Poliziste virum Sëtz vum polnesche Verfassungsgeriicht zu Warschau.
Poliziste virum Sëtz vum polnesche Verfassungsgeriicht zu Warschau.
© AFP

Zu Warschau huet d'Police e Freideg den Owend d'Gebai vum Verfassungsgeriicht ofgerigelt, nodeems eng Riichterin d'Beamte geruff hat wéinst Sécherheetsbedenken. Et hate sech nämlech eng ganz Partie Manifestanten, virun allem Unhänger vun der nationalkonservativer Oppositiouns-Partei PiS, do versammelt. E puer vun hinnen hate versicht, duerch d'Ofspärungen ze kommen.

Ausléiser war eng Matdeelung um Internetsite vum Geriicht, de President a säin Adjoint wiere fir ee Mount provisoresch suspendéiert ginn. D'Riichterin Anna Korwin-Piotrowska sollt provisoresch d'Leedung iwwerhuelen. D'Geriicht huet dat kuerz drop op X dementéiert a vun enger Hackerattack geschwat. Ob et tatsächlech esou eng Attack gouf, ass domat awer net onofhängeg bestätegt.

Regierung, Oppositioun an de President streiden ëm d'Verfassungsgeriicht

Hannendru steet de Muechtkampf ëm d'Justiz tëscht der Regierung vum Donald Tusk an der rietskonservativer Oppositiounspartei PiS, déi tëscht 2015 an 2023 um Pouvoir war. Am Kär geet et ëm d'Fro, wien d'Verfassungsgeriicht besetzt a wéi onofhängeg et ass. Déi fréier PiS-Regierung hat do Riichter agesat, déi hir politesch nostinn. Den Europäesche Geriichtshaff huet wéinst schwéiere Mängel bei den Ernennunge festgehalen, datt d'Geriicht net onofhängeg an onparteiesch wier. Zanter dass den Donald Tusk 2023 mat senger Mëtt-lénks-Koalitioun iwwerholl huet, versicht hien d'Rechtsstaatlechkeet a Polen nees hierzestellen an déi ëmstridde Justizreforme réckgängeg maachen. De PiS-noe President Karol Nawrocki huet awer refuséiert, fënnef vum Parlament nominéiert Verfassungsriichter ze vereedegen. D'Riichter hunn doropshi vum Parlament misse vereedegt ginn. Wéi si hiren Eed virum Parlament ofgeluecht hunn, huet de Geriichtspresident hinnen den Zougang zum Gebai verwiert. Domat blockéieren déi zwee politesch Lager sech also weider géigesäiteg. D'Riichterin Anne Korwin-Piotrowska huet dowéinst fir den 3. November eng Sëtzung vun alle Verfassungsriichter aberuff.

Back to Top
CIM LOGO