
E Freideg de Mëtteg ass en Hëllefskonvoi mat 25 Bussen an engem spezielle Gefier fir krank an eeler Persounen aus der Stad gefuer. Ronn 800 Mënsche kéinten esou a Sécherheet bruecht ginn.
D'Wafferou gëllt nach bis e Sonndeg a soll och d'Versuergung vun deene Mënschen erméiglechen, déi an der Stad bleiwe wëllen. Déi éischt Liwwerunge mat Liewensmëttel, Hygiènesartikelen a Sprit fir Noutstroumgeneratore sinn ukomm. Och d'Klinik krut Medikamenter wéi Antibioticken an Insulin.
Den ukrainesche Mënscherechtsbeoptraagten Dmytro Lubinez huet d'Aktioun als Erfolleg bezeechent. Béid Säiten hätten d'Wafferou respektéiert. Si war mat Hëllef vum Melania Trump vermëttelt ginn.
Oleschky läit an der Regioun Cherson um Dnipro, wat eng Frontlinn am Krich ass. D'Stad ass zanter 2022 vu Russland besat a war an de leschte Méint bal komplett vun der Aussewelt ofgeschnidden. Déi lescht Liewensmëttelliwwerung war am Mee ukomm. D'Awunner haten deelweis schonn näischt méi ze iessen.
Déi ukrainesch Säit hofft, datt d'Hëllefsaktioun als Modell fir aner besate Stied an der Regioun dénge kann. Allerdéngs besteet d'Suerg, datt Russland d'Wafferou notze kéint, fir seng militäresch Positioun ze verbesseren. Am Rescht vun der Ukrain goufen déi russesch Attacken iwwerdeems onverännert virugefouert.