Änlech Präisser wéi zu LëtzebuergTotalEnergies setzt d'Präisser vum Diesel a Frankräich drastesch erof

RTL mat AFP
Vun e Samschdeg u wäert den Diesel op verschiddenen Tankstelle vun TotalEnergies a Frankräich op 2,15 Euro pro Liter erofgesat ginn. Dëst geschitt am Kader vum Déstockage vun der franséischer Regierung.
TotalEnergies a dévoilé jeudi un bénéfice net record de 8,3 milliards de dollars pour le troisième trimestre
TotalEnergies huet en Donneschdeg matgedeelt, datt een en am leschten Trimester e Rekordbenefice vun 8,3 Milliarden Dollar gemaach huet.
© AFP

Vun e Samschdeg u wäert TotalEnergie "de Präis vum Diesel op 2,15 Euro de Liter a de 705 Statioune vu sengem Reseau" erofsetzen, huet d'Grupp annoncéiert.

Dës Decisioun huet ee geholl "ouni op déi physesch Liwwerung vun de strategesche Stocke vum Diesel ze waarden a fir de senge Clienten Accès un dës Stocken, déi historesch Präisser hunn, ze ginn", esou d'Entreprise.

TotelEnergies wäert "de Virdeel vum méi bëllegen Diesel vun e Méindeg dem 2. November un, ofhängeg vun der Entwécklung vun den internationalen Dieselpräisser, och un all déi aner Tankstelle vun hirem Netz, ausserhalb vun den Autobunne" weiderginn. Op alle Fall wäert d'Entreprise fir den Diesel op all sengen Tankstellen um franséischen Netz un der Uewergrenz vun 2,25 Euro pro Liter festhalen.

10 Millioune Barrel iwwer dräi Méint liberéiert

Déi franséisch Regierung hofft vun e Sonndeg un op méi niddreg Pëtrolspräisser, déi d'Bierger och spieren. Dofir ginn iwwer dräi Méint 10 Millioune Barrel Diesel aus de strategesche Reserven liberéiert.

Total Energie huet an deem Kader annoncéiert, datt een Rabatter vun 200 Euro pro Kubikmeter Pëtrol fir Privatcliente wäert ginn an datt een 20 Cent pro Liter Diesel fir d'Baueren, d'Bauentreprisen an d'Fëscherei wäert accordéieren. D'Entreprise hat jo am drëtte Quartal en Rekord-Nettogewënn vun 8,3 Milliarden Dollar realiséiert, nach 3,7 Milliarde méi wéi nach dat Joer virdrun.

Back to Top
CIM LOGO